"Et ass immens bedauerlech", sou de Buergermeeschter

© Alain Zimmermann
E puer Awunner vu Rëmeleng loossen an de soziale Medien hir Roserei eraus. Dat well e Bauer op sengem Terrain e Stéck Geschicht an de Koup geheit huet.
Freides, den 3. Oktober geet den Alain Zimmermann, wéi all gudden Dag mat sengem Hond duerch de Rëmelenger Bësch spadséieren. Op sengem gewinnten Tour kënnt hien ëmmer laanscht den ale Mast, dee schonn a senger Kandheet do stoung.

Eng Foto vum Mast, éier en ofgerappt gouf.
Mee dee Freideg war et anescht. Op Distanz gesäit an héiert hie bemol, dass de Bauer a Proprietär vum Feld, wou de Mast dropsteet, dëse mat sengem Trakter ofrappt. "Hien huet et an zwee Deeler gespléckt. Fir d'éischt d'Kroun erof an dunn de Recht aus dem Bëtong gerappt. Dat ganzt huet hien dunn an de Bëschrand gedréckt, esou dass een et vun der Strooss aus net gesäit", erzielt den Awunner u Rëmeleng.
Ofgerappt ouni Autorisatioun
Eng Autorisatioun, dëse Mast ofzerappen, hat de Bauer net, wéi d'Gemeng Rëmeleng eis confirméiert. "Et ass immens bedauerlech, et ass jo awer en Deel vun eisem industrielle Patrimoine. Mir wëssen net wisou de Peiler elo bemol gesteiert huet", sou de Rëmelenger Buergermeeschter Henri Haine. Et hätt ee wéinstens mat der Gemeng Récksprooch hale kënnen.
D'Péil, déi ronn 2 op 2 Meter breet sinn an ënnerschiddlech héich, goufen 1906 vun der Kölner Firma Pohlig opgeriicht. D'Seelbunn ass 12,7 Kilometer vun der franséische klenger Stad Ottange iwwer d'Lëtzebuerger Grenz queesch iwwert de Belval bis op Déifferdeng verlaf a war bis 1980 a Betrib. Mat Hëllef vun der Seelbunn gouf fréier Äerz aus de Minnen transportéiert a war domat eng wichteg Komponent fir d'Lëtzebuerger Stolindustrie.
A vill Minetter sinn haut nach houfreg op d'Geschichte vun der Stolindustrie an och wann d'Seelbunn scho méi laang net méi ze gesinn ass, sinn d'Maste symbolesch Iwwerreschter a gehéieren domat zum Patrimoine, fënnt de Rëmelenger Alain Zimmermann.
Gemeng wëll verbliwwe Piliere schützen
Ënnert anerem zu Esch an zu Rëmeleng sinn nach eng Partie esou Masten ze gesinn. A gutt erhale stinn der och zwee am Bausseberäich vum Musée national des mines zu Rëmeleng. Hei hänkt souguer nach eng Gondel drun. Mee och am Rëmelenger Bësch ass deen een oder anere Mast nach ze gesinn. D'Rëmelenger Gemeng huet elo Wëlles, déi aner Peiler wéinstens op lokalem Niveau ze schützen, fir dass dëst net nach eng Kéier virkënnt. "Mir versichen awer och un de concernéierte Bauer ze kommen a kucken, ob vun den Iwwerreschter nach eppes ze retten ass", sou de Buergermeeschter Henri Haine.
Vue dass dëse Mast net ënnert Denkmalschutz stoung, brauch de Landwirt hei keng Konsequenzen ze fäerten. D'Gemeng Rëmeleng iwwerpréift awer méiglech juristesch Suitten, well de Bauer fir d'Ofrappe keng Autorisatioun hat.
RTL wollt och de Proprietär vum Terrain zu Wuert komme loossen. De Bauer war wärend eiser Recherche awer net ze erreechen.