Eemol d'Woch kucke mir fir ee méi jonke Publik an eisem Kannativi op d’News vun der Woch zeréck an dat op kannerfrëndlech Manéier erkläert

An eisem Noriichteniwwerbléck kucke mir op déi komplizéiert politesch Situatioun a Frankräich. Do kann d'Regierung elo ufänke mat schaffen. Dann huet sech an der Gazasträif vill gedoen. Geisele goufe fräigelooss a fir d'Palästinenser ginn elo méi Hëllefsliwwerungen zougelooss.

Dann hu mir awer och e méi positiivt Thema mat dobäi, nämlech d'Super-Senioren. Dat sinn dacks Leit, déi an der Pensioun sinn, a Kanner aus der Grondschoul bei den Hausaufgaben hëllefen.

An eisem Reportage léiere mir dës Woch de Mathis kennen, dee vu sengem Bopa geléiert huet, am Gaart schaffen. An aktuell sinn d'Gromperen zeideg an do huet hien dëst Joer puer richteg Décker dobäi. An eng esou grouss, dass souguer säi Bopa iwwerrascht war. Dem Mathis gefält et op alle Fall richteg gutt, am Gaart ze schaffen.

An wann dir ee Kand sidd, ee richteg coolen Hobby hutt an dat gäre wéilt weisen, kënnt dir eis och gären ee Mail maachen u red@rtl.lu.

D'Kannaniuuss kënnt Dir um RTL Play oder sonndes um 9 an um 18 Auer am KannaTivi op der Tëlee kucken.

Wat sinn d'Kannaniuuss?

Op kannerfrëndlech Aart a Weis erkläre mir, wat zu Lëtzebuerg an an der Welt geschitt. D’Kannaniuuss sinn ëmmer opgedeelt an en Newsblock an e Reportage, bei deem mir engem Thema op de Fong ginn. Dobäi komme Kanner och selwer ëmmer erëm zu Wuert an de Kannaniuuss ginn et reegelméisseg och Reportagë vun eise jonke Kanner-Reporter. Déi aktuell Emissioun vun de Kannaniuuss fannt dir ëmmer sonndes moies um 9 Auer um RTL Play.