Nationale Commemoratiounsdag fir d'Lëtzebuerger Resistenz am Zweete Weltkrich
E Sonndeg gëtt dem Engagement vun der Resistenz, dem Schicksal vun den Zwangsrekrutéierten an den Affer vun der Shoah geduecht.
Dëse Weekend gëtt hei zu Lëtzebuerg un d’"Personenstandsaufnahme" vum 10. Oktober 1941 erënnert. Deemools wollten déi däitsch Besatzer wëssen, wéi eng Awunner vu Lëtzebuerg jiddesch wieren. Doriwwer eraus sollten d’Lëtzebuerger sech mat Bléck op hir Mammesprooch an hir "Rass" selwer als däitsch deklaréieren.
D'Lëtzebuerger Resistenz hat d’Leit awer dozou opgeruff, dräi Mol mat Lëtzebuergesch ze äntweren, wat dann och déi grouss Majoritéit gemaach huet.
Den offizielle Commemoratiounsdag ass zwar e Sonndeg, mee och schonn e Samschdeg gouf a ville Gemengen un d’"Personenstandsaufnahme" vun 1941 erënnert. Dëst Joer ass et jo och den 80. Anniversaire vum Enn vum Zweete Weltkrich.
Fotoe vu Commemoratiounen uechter d'Land e Sonndeg
Liest hei déi offiziell Proklamatioun vun der Lëtzebuerger Regierung
Nationale Commemoratiounsdag 2025
Den Nationale Commemoratiounsdag geet op d'Personenstandsaufnahme vum 10. Oktober 1941 zeréck. Deemools wollten d’Nazie wësse wie vun der Bevëlkerung zu Lëtzebuerg jiddesch wier, a gläichzäiteg wollten si d’Leit dozou beweegen, sech opgrond vun hirer Mammesprooch an hirer "Rass" als "däitsch" ze deklaréieren. D’Lëtzebuerger Resistenz huet dës Gefor séier erkannt an d’Leit dozou opgeruff, all Froe mat „Lëtzebuergesch“ ze beäntweren. Ganz vill Leit sinn där Opfuerderung nokomm, mat dem Resultat, datt d'Vollekszielung annuléiert gouf.
Virun 80 Joer huet d’Enn vum Zweete Weltkrich d’Befreiung vu Lëtzebuerg an Europa vun der Naziherrschaft markéiert.
De Courage vun der Lëtzebuerger Resistenz — gedriwwe vum Wëllen, eis Identitéit an eis Wäerter net ze verroden — bleift e staarkt Virbild. Fraen a Männer, dacks ganz jonk, aus alle Gesellschaftsschichten, hunn sech bewosst fir de Kampf fir d’Fräiheet entscheet. Mat heiansdo diskreten, mee ëmmer ganz couragéierten Aktiounen, hunn si sech der Besatzung entgéint gestallt. Vill vun hinne goufe verhaft, gefoltert, deportéiert oder ëmbruecht. Hiren Asaz huet d’Hoffnung op eng onofhängeg Zukunft lieweg gehalen – och an deenen däischterste Stonnen.
Den nationalsozialisteschen Totalitarismus huet keng Diversitéit toleréiert. Ob Identitéit, politesch Iwwerzeegungen oder individuell Liewenssituatiounen— all Form vu Vilfalt gouf als Gefor ugesi, verfollegt an deelweis och mat dem Doud bestrooft. Dës repressiv Politik huet Liewen zerstéiert – eng Realitéit, un déi mir eis als Gesellschaft mussen erënneren.
De Krich huet Dausende vu jonke Lëtzebuerger getraff, déi zwangsrekrutéiert goufen an d’Wehrmacht. Si goufen aus hirem Land erausgerappt a gezwonge fir e Regimm ze kämpfen, deen net hire war. Vill vun hinnen si ni méi an d’Heemecht zeréckkomm. Vill jonk Frae goufen och zum Reichsarbeitsdienst oder zum Kriegshilfsdienst gezwongen. D’Leed vun dëse Fraen an dëse Männer gehéiert haut zu eiser kollektiver Memoire.
D’tragescht Schicksal vun de jiddesche Matbiergerinnen a Matbierger däerf ni vergiess ginn. Vun Ufank un, wärend der däitscher Okkupatioun, waren si d’Ziler vun enger Politik vun Diskriminatioun, Ausschloss an Terror. Hir Rechter goufen hinnen entzunn, hire Besëtz gouf spoliéiert – hir Mënschlechkeet gouf mat Féiss getrëppelt. Vill hu missen aus dem Land flüchten. Anerer goufen hei oder am Ausland verhaft a goufen an d’Konzentratiouns- an Exterminatiounslager deportéiert. Nëmmen déi mannst sinn zeréckkomm. D'Nimm vun den Affer, déi elo am "Mur des Noms" agravéiert sinn, sinn d’Zeie vun dëse zerstéierte Liewen.
D’Enn vum Krich huet net fir jiddereen direkt d’Enn vum Leed bedeit. D’Befreiung vun de Konzentratiounslageren huet d’ganz Dimensioun vum Naziterror opgedeckt a war e moralesche Wendepunkt an der Geschicht vun der Mënschheet. Obwuel de Krich eriwwer war, hu vill Famillje weider op Liewenszeeche vun hire Vermësste gewaart – dacks ouni jeemools eng Äntwert ze kréien. Déi, déi zeréckkoumen, ware fir hiert Liewe gezeechent — physesch a séilesch.
An trotzdeem huet Lëtzebuerg op de Ruine vum Krich, zesumme mat sengen Nopeschlänner, de Wee vun der Versönung, dem Opbau an dem Fridde gewielt.
Haut, wou nei Konflikter — och an Europa — erëm entstinn, ass et eis Verantwortung, d’Erënnerung lieweg ze halen. D’Aktualitéit ass e Rappel, wéi wichteg et ass, opmierksam ze bleiwe fir d’Mënscherechter ze verdeedegen, d’Demokratie ze schützen an all Form vun Haass entgéintzetrieden.
Duerch eisen deeglechen Engagement hale mir d’Memoire un déi lieweg, déi gelidden, déi resistéiert, déi d’Hoffnung net verluer hunn — an déi vill ze dacks hiert Liewe verluer hunn.
Luc FRIEDEN, Xavier BETTEL, Martine HANSEN, Claude MEISCH, Lex DELLES,
Yuriko BACKES, Max HAHN, Gilles ROTH, Martine DEPREZ, Léon GLODEN,
Stéphanie OBERTIN, Georges MISCHO, Serge WILMES, Elisabeth MARGUE, Eric THILL