Sechs Autoe bei der Gare Belval-Réideng ausgebrannt
An der Nuecht op e Sonndeg si sechs Autoe bei der Gare Belval-Réideng zum Deel komplett ausgebrannt.
Wéi de CGDIS an d'Police e Sonndeg melle sinn an der Nuecht sechs Autoen um Parking bei der Gare Belval-Réideng ausgebrannt – bei op d'mannst fënnef dovunner ass en Totalschued entstanen, e sechste gouf uerg beschiedegt. De Brand ass warscheinlech vun den Autoen an der Mëtt ausgaangen, déi dee meeschte Schued ofkruten.
D'Pompjeeë vum Asazzenter Suessem-Déifferdeng waren op der Plaz, Blesséierter gouf et keng. Nodeems de Parquet eng Ermëttlung an Optrag ginn huet, war d'Police war am spéide Moien nach eng Kéier um Parking, fir sech e Bild vun der Situatioun ze maachen an d'Ursaach vum Feier ze klären.
Och zu Esch-Sauer stoung de Moien en Auto a Flamen, hei waren d'Pompjeeën vu Géisdref am Asaz. Blesséierter goufe keng gemellt.