An der Nuecht hat d'Police nawell méi ze dinn. Queesch duerch d'Land gouf entweder géint d'Nuetsrou verstouss oder et gouf Streidereien.

An de meeschte Fäll hat sech d'Situatioun scho berouegt wéi d'Police op d'Plaz koum oder de Kaméidi hat schonn opgehalen. An eenzele Fäll konnt d'Situatioun och nach sur olace gekläErt ginn.

Da gouf et awer och nach ee Fall vun haislecher Gewalt. Do huet de Parquet eng Verweisung ausgeschwat a géint 18 Auer war et zu engem Sträit tëscht zwou Persounen an der Stad komm.

Wéi eng Patrull um Chemin de la Corniche ukoum, wollte si béid Persoune berouegen. Ee vun hinnen ass senger Wee gaangen, huet dunn awer ugefaangen, Foussgänger unzeblären an ze beleidegen.

Wéinst sengem alkoholiséierten Zoustand huet de Mann eng Gefor fir sech a fir anerer duergestallt. Hie koum no enger medezinescher Ënnersichung an Arrest.

Alkohol um Steier

E Samschdeg ass enger Patrull géint 15.20 Auer an der Rue Emile Mark zu Déifferdeng e Gefier opgefall, dat ferm am Zickzack ënnerwee war. Bei der Kontroll an engem Alkoholtest koum eraus, dass de Mann gedronk hat. De Permis gouf agezunn.

Kuerz virun 23 Auer krut d'Police dann nach en Accident am Rond-point bei Reiler gemellt. D'Gefier gouf effektiv nieft der Fuerbunn opfonnt. Wéi et am Policebulletin heescht, wier de Won net méi befuerbar gewiescht. De Chauffer gouf net verwonnt ginn, huet awer Unzeeche vun Alkoholkonsum gewisen, wat en Otemtest confirméiert huet. Och hei war de Fürerschäi fort.

Um fréie Sonndeg de Moien, géint 6.20 Auer, ass enger Patrull nach ee Won opgefall, deen am Zickzack gesteiert gouf. Dës Kéier op der A13 a Richtung Esch. Et wier e puer Mol bal zu Accidenter komm. Och hei huet sech no der Kontroll erausgestallt, dass Alkohol am Spill ass. Donieft hat d'Persoun en auslännesche Permis bei sech, de wuel gefälscht war. Op Uerder vum Parquet gouf net just dee falsche Fürerschäi saiséiert, mä och nach d'Gefier.