D’HappyGio lieft vun Online-Erotik. Si erzielt, wéi hire Beruff ausgesäit, wien hir Clientë sinn a wéi eng Risiken den Internet mat sech bréngt. 

Déi jonk Lëtzebuergerin mat südeuropäeschen Originnen ass 33 Joer al, lieft mëttlerweil op de Kanaren an op hirer Steiererklärung steet: Erotikduerstellerin.

Op verschiddenen Online-Plattformen wéi OnlyFans kënnt si a Kontakt mat Clienten, déi hir genee soe wat se gäre vum Gio hätten. Déi jonk Fra steet a Lingerie virun der Kamera, deet sech fir hir Clienten aus, péckt sech selwer un a geet heibäi op d'Wënsch vum Géigeniwwer an. Dat alles geschitt just Online iwwer Fotoen, Videoen, Messagen a Sproochnoriichten.

D'HappyGio stellt sech vir

Fir d’Gio ass dat méi wéi just en Akommes. Et ass eng Aarbecht, déi si mat Leidenschaft mécht.

Ech sinn a Restauranten a Baren opgewuess an hu laang mat menger Famill zesummegeschafft,“ erzielt si. Donieft huet si awer ëmmer rëm mat Endometriose a Folgeerkrankungen ze kämpfen, duerch déi si ëmmer rëm muss operéiert ginn. Wéi hir gesondheetlech Problemer ëmmer méi schlëmm goufen, koum de Moment vum Ëmdenken. „Ech hu mir gesot: Wann ech dat iwwerstanen hunn, maachen ech endlech eppes, wat ech wierklech wëll.“

Éier si ugefaangen huet, huet si mat Famill a Frënn doriwwer geschwat. D’Reaktioun war erstaunlech oppen.

Ech hunn hinne kloer gesot: Ech mengen dat eescht. Meng Mamm huet just gesot: Wann hatt sech dat gutt iwwerluecht huet a weess, wat et mécht, dann ass et fir mech an der Rei. An elo ass dat Ganzt keen Thema méi.

D’Gio huet sech awer nach éiert si iwwerhaapt mat der Famill geschwat huet, ganz vill mat dem Sujet befaasst. Wéi wäit wëll ech goen? Wat wëll ech ubidden? Wou si meng Grenzen? Alles Froen, déi déi jonk Fra sech gestallt an och beäntwert huet, fir sech selwer e klore Kader ze setzen. An esou geschitt dat alles just Online mat auserwielte Clienten. Keng Agence, déi engem eppes opdréckt, keng Videoe mat frieme Partner, keng perséinlech Treffen a keng Clientèle, déi d’Gio net vertriede wëll.

An dat Ganzt wier ugemellt a legal. Et ass hire festen Job an als selbststänneg Erotikduerstellerin huet si och eng eng Entreprise gegrënnt, huet eng Steiernummer a bezilt wéi jiddereen an d'Krankekeess an an d'Pensiounskeess an. "Dat kann een net einfach sou schwaarz an niewebäi maachen. Op deene meeschte Plattforme muss ee seng Steiernummer ugi fir iwwerhaapt ausbezuelt ze ginn. Et ass alles festgehalen a retracabel."

Online-Erotik géint d'Elengsinn

Mat hirer Aarbecht iwwert déi lescht puer Joer huet si séier gemierkt: Eng gutt Partie vun hire Clienten, meeschtens Männer tëschent 21 a Mëtt-40, siche mol net nëmmen no sexueller Befriddegung  „Vill vu menge Clienten si Leit, déi sech eleng fillen. Déi eigentlech just Kontakt an Austausch wëllen. Si hätte gären Noriichte wéi: ‚Moien, wéi geet et? Hues de gutt geschlof? Wéi war deng Aarbecht?‘ An ech si fir si eng Persoun, déi reegelméisseg schreift.“ Fir si ass dat eng wichteg Roll. „Du bass net d’Verféierung, du bass net d’Houer, du bass den Anker”, esou huet eng Persoun aus dem Gio sengem Ëmfeld hir Roll beschriwwen.

D'HappyGio an hir Clientèle

De Problem géif dacks vun Doheem kommen. Et wier kee Raum méi do fir Wënsch a Bedierfnisser. Et géif hautdesdaags just nach drëms goen ze funktionéieren, fir seng Famill ze suergen a seng Flichten ze erfëllen. Keng Plaz méi fir Emotiounen a Froen: Wat wëll ech iwwerhaapt?

Mee och d’Kommunikatioun an der Partnerschaft wier e Problem. Esou géife sech am Gio sengem Fall vill Männer bei him mellen, fir virtuell dat auszeliewen, wat si am Reellen net kënnen an ënnerdrécken. Besonnesch bei ganz intime Bedierfnisser wéi sexuell Präferenzen a Fetische wier dat de Fall. 
An d’HappyGio bitt hire Clienten e virtuelle Raum, wou all dëst oppe kommunizéiert an ausgelieft ka ginn. Si bezeechent sech op den Online-Plattforme selwer als Fetisch-frëndlech.

RTL

© Privat Foto/ Giorgia

Body-Positivity vs. Schéintheetsidealer

Wie mat sengem Kierper schafft, dee muss och e gewëssent Selbstbewosstsinn hunn. Däers huet d'Gio net ze mann: "Ech géing mol behaapten, dass ech zimmlech Komplex-fräi sinn. Ech stinn zu mengem Kierper. An dozou gehéieren och meng Narben um Bauch vun all den Operatiounen, Deenungssträifen a sou weider."  Den Internet wier esou schonn voll vu Bildbearbechtung an de perfekte Kierperen. Hier Clienten wéilten Natierlechkeet a realistesch Kierperen. Mee och vun aneren Erotikduerstellerinne géif si vill positiv Wierder a Reaktioune kréien. "Ech sinn an engem grousse Grupp mat honnerten anere Fraen, déi dat selwecht maache wéi ech. Do ass e groussen Zesummenhalt a vill Austausch. Et ass kee Konkurrenzkampf, mee positiv Ënnerstëtzung", sou d'Gio.

E Beruff mat Geforen

D’Gio mécht sech keng Illusiounen a wëll hiren Job net verherrlechen. Si ass sech de Geforen, déi d’Internetwelt mat sech bréngt, bewosst. „Iwwerleet gutt, wat Dir an den Internet setzt. Well eemol do, bleift et ëmmer do, och wann Dir et selwer läscht.“ Fotoen a Videoe kënne gescreenshot, gedeelt an ouni Erlabnis verbreet ginn. Dofir huet si sech strikt Grenze gesat: “Et gëtt een iergendwann erkannt, dat ass einfach d’Realitéit. An d’Ëmfeld wäert op de Contenu ugeschwat ginn. Sinn ech okay domat, dass meng Frënn oder Famill dat vu mir gesinn? Wann net, dat setzt et guer net online.

D'HappyGio iwwert d'Geforen am Internet

D’Realitéit ass och, dass d’Aarbecht eng psychologesch Belaaschtung ka sinn. „Et ass séier verdéngte Geld, awer net einfach verdéngte Geld,“ seet d’Gio. Et schafft ee mam eegene Kierper, an dat wier net ëmmer einfach. „Ech hunn elo de Luxus, mol eng Paus ze maachen. Mee wann een a Geldnout ass, wéi vill Fraen a Männer op dëse Plattformen, da geet dat net ëmmer esou einfach. Et ass immens wichteg, op seng mental Gesondheet opzepassen a Leit am Ëmfeld ze hunn, mat deenen een oppen driwwer schwätze kann.“

Dat séiert verdéngte Geld ass ee Grond dofir, dass ëmmer rëm jonk Fraen a Männer an d’Branche rutschen, ouni d’Konsequenzen ze verstoen oder sech mat deenen ausernee gesat ze hunn. Dobäi sinn an dëser Branche och Ausbeutung an Zwang e grousst Thema. Vill jonk Fraen, an och ëmmer rëm Männer, gi forcéiert an dëser Branche ze schaffen. Zemools bei speziellen Agencen huet ee selwer bal näischt méi ze soen. Et muss een all Client unhuelen, respektiv an all Film matmaachen – ob ee wëll oder net.

Zousätzlech kënnt nach eng weider däischter Säit. Net all Client ass harmlos. „Ech hat mol ee Client, bei deem séier kloer gouf, dass hien e Pedophil ass. Hie wollt, dass ech him Sproochnoriichte schécken a wéi e Kand schwätzen. An niewebäi huet hien och erzielt, dass hie reegelméisseg op seng Niess oppasst. Dat hunn ech direkt der Police gemellt, an do war schonn eng Enquête amgaangen.“ Fir d’Gio ass d’Reegel kloer: „Mat esou Leit diskutéieren ech net. Déi ginn direkt blockéiert a gemellt.

RTL

© AFP

"Genau sou en Job wéi all aneren"

D’Gio gesäit hir Aarbecht als ganz normalen Job. „Sou wéi aner Leit 40 Stonnen op d’Aarbecht ginn, maachen ech dat hei 40 Stonnen. Et ass en Job, wéi all aner och. Ech hunn doheem mäin Aarbechtszëmmer, wou näischt Privates steet. Hei sinn ech d’HappyGio. Wann ech aus dem Raum eraus sinn, sinn ech fäerdeg mat schaffen an einfach rëm d’Gio.” Et hätt e bësse gedauert, bis si d’HappyGio an hir eege Perséinlechkeet kloer trenne konnt, mee elo wier et tatsächlech einfach nëmmen nach eng Roll.

Um Enn ass de Message kloer: D’Giorgia huet eng speziell Karriär gewielt, mee si huet sech bewosst a responsabel dorop virbereet. A genee dat géif si jidderengem roden, deen an dëser Branche schaffe wéilt. Besonnesch all déi jonk Meedercher, déi dëst einfach als Spaass gesinn oder séier e puer Sue verdénge wëllen, sollen oppassen: Eemol am Internet, ëmmer am Internet, an dat ka ganz grouss Konsequenzen hunn - fir sech selwer, mee och fir dat eegent Ëmfeld.

Am Kader vun enger Serie hu mir no Leit gesicht, déi e bësse méi en aussergewéinlechen Job oder Niewenjob hunn. A genee sou si mir op d’Giorgia gestouss.