Eegene Gaart mat 11 Joer
De Mathis a seng Gromper vun iwwer engem Kilogramm
De Mathis ass eréischt 11 Joer al, mee seng Léift fir d'Natur an d'Geméis ass esou grouss wéi bei engem erwuessene Gäertner.
De Mathis konnt nach net trëppelen, mä de Reech hat e schonn an der Hand. Haut huet hie säin eegene Gaart mat Geméis. Amplaz seng Fräizäit um Computer ze verbréngen, rappt hien Onkraut a kuckt no sengem Geméis. Alles huet mam Bopi ugefaangen, deen de Mathis scho ganz fréi op Schratt an Tratt am Gaart begleet huet.
Dëst Joer ass hien awer esou richteg houfreg. Hien huet déi décksten a schwéierste Bupp, déi e jee hat.
Eng RTL-Ekipp war de Jong Heem besichen, wou hien eis der Gromper hiert Gewiicht an hir Gréisst verroden huet.
©
Philippe Dondelinger
©
Philippe Dondelinger
©
Philippe Dondelinger
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Am meeschte gelies