An der 10. Episod vu "Mäi Wee" geet et ëm de Christopher Kaiser, dee mam Bodybuilding en neit Kierpergefill fonnt huet.

De Christopher Kaiser well säi Kierper de Moment nach op déi natierlech Aart a Weis verbesseren. Dozou gehéiert vill Disziplin, virun allem beim Training a beim Iessen.

Den Éisleker huet sech ni wuel a senger Haut gespuert. Am Lycée war hien méi kleng a schmuel wéi déi aner. Deen, dee kee Meedchen ugeschwat huet an an der Disko ëmmer d'Carte d'identité gefrot ginn ass. 2017 huet de Christopher mam Training am Fitnessstudio ugefaangen. Mee no Jore vu Gewiichtsschwankungen huet hie virun engem Joer an der Vakanz decidéiert, säi Liewe komplett ze änneren.

Den Christopher Kaiser wollt Enn September 2025 beim Diamond Cup zu Rued-Sir op déi professionell Bün. An eent ass kloer: hie mécht weider mam Bodybuilding - ob mat Steroiden oder ouni.

De ganze Reportage gesidd Dir de Sonndeg um 19 Auer op der Tëlee an duerno och hei am Replay.