Um Freideg a Samschdeg gouf d'Enn vum zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg geféiert. E Samschdeg war dowéinst och eng grouss Militärparade zu Moskau.

E Freideg gouf op ville Plazen un d'Enn vum Zweete Weltkrich an Europa erënnert.

AUDIO: 70 Joer Liberatioun: Armand Leib - Rep. Corinne Folscheid

Zu Éiere vum 70. Joresdag wor an der Mëttesstonn och eng Gedenkzeremonie um Kanounenhiwwel an der Stad, dat a Präsenz vun der groussherzoglecher Koppel, dem Chamberspresident Mars di Bartolomeo, dem Premierminister Xavier Bettel, dem Arméiminister Etienne Schneider an der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer. Invitéiert woren och Vertrieder vun de patriotesche Mouvementer an de Comitéen an Associatioune vun den Zwangsrekrutéierten, Resistenzler, Ëmgesidelten an Anciens Combattants, grad wéi ee Grupp vu Jonken, déi sech fir d'Geschicht an d'Memoire asetzen.

De Grand-Duc Henri an d'Grande-Duchesse Maria Teresa hunn an Erënnerung un d'Affer vum Zweete Weltkrich Blumme virun der Éiweger Flam néiergeluecht.

De Reportage vun RTL Télé Lëtzebuerg iwwer d'Commemoratiounsfeier um Freideg

VIDEO: 70 Joer nom Enn vum Zweete Weltkrisch
Bei der Gedenkzeremonie um Kanounenhiwwel hun d' Zäitzeihen iwwert hiren Trauma geschwaat. De Premier huet all d' Affergruppen a säin Discours abezun.

"Dëse Krich huet d’Gesiicht vun der Welt verännert. En huet och eist Land an eist Vollek haart getraff"

De Staatsminister huet iwwerdeems a senger Ried betount, dass dëse Krich d’Gesiicht vun der Welt verännert an och eist Land an eist Vollek haart getraff huet. De Xavier Bettel huet drun erënnert, dass Lëtzebuerg ongeféier 2% vu sengen Awunner an e groussen Deel vu senger jiddescher Populatioun verluer huet. D'Halschent vun de Krichsdoudege ware jonk Männer a Fraen, déi vum Okkupant an déi däitsch paramilitäresch Déngschter oder an d’Wehrmacht zwangsrekrutéiert goufen.

An och den 8. Mee 1945 woren de Krich an d’Suite vum Krich nach laang net ausgestanen, sou de Xavier Bettel weider. De Fridde war wuel retabléiert, Europa loung awer um Buedem, wor zerstéiert, materiell an och moralesch.

Déi Ierfgroussherzoglech Koppel iwwerdeems war zu Paräis, wou si de "Mémorial de la Shoa" am Staddeel Marais gewise kruten, déi zentral Gedenkplaz fir den Holocaust a Frankräich. Begleet goufe si vu Schüler aus dem Lycée Technique vu Bouneweg. Eng weider Statioun vun hirer Visite wor d'rue René Boulanger, wou un der Façade vun engem Haus eng Gedenktafel fir de Lëtzebuerger Resistenzler Jean-Michel Thill hänkt, deen den 22. August 1944 während der Liberatioun vu Paräis ëm d'Liewe koum.

AUDIO: De Xavier Bettel: Trauer nom Krich

De Premier huet an dem Kontext betount, dass d’Rekonstruktioun vum Land an déi domadder verbonne Leeschtung nach haut eisen déifste Respekt verdéngt.

De Xavier Bettel huet am Kader vu senger Ried fir de 70. Joresdag vun der Liberatioun awer och drop higewisen, dass d’Krichsverbriechen a d’Verbrieche géint d’Mënschheet bis haut net aus eiser Mëtt konnten eliminéiert ginn an déi extremistesch Stemmen nees méi haart ginn. Donieft geet d'Zuel vun internationale Krisen an d'Lut. Et wor de Rappel vum Premier, dass eis Verflichtung géintiwwer eiser Geschicht méi wéi jee gefrot ass.

Ënnert den Invitéë wor och den Armand Leib. Hie wor Resistenzler während dem Zweete Weltkrich. "Et ass eng Zeremonie, déi geet un een", sot hien duerno am RTL-Interview, "ëmsou méi wann een dovu komm", sou den Armand Leib. Vill Leit hätten déi Chance nämlech net gehat. Den Här Leib ass mat 87 Joer ee vun de leschten Zäitzeien. Hien hofft, dass d'Erënnerung erhale bleift.

AUDIO: Den Armand Leib

Um Freideg de Moien hunn och de Bundestag an de Bundesrat an Däitschland un d'Enn vum Zweete Weltkrich erënnert. D'Gedenkried gouf vum Historiker Heinrich August Winkler gehal. Och de Bundespresident Joachim Gauck war bei der Zeremonie derbäi.

De President vum Bundestag Norbert Lammert huet den Nopeschlänner vun Däitschland Merci gesot fir d'Reconciliatioun. D'Bereetschaft vun den Nopere wier historesch a genee sou exemplaresch gewiescht wéi d'Katastrof, aus där se ervirgaangen ass.

AUDIO: Gedenkzeremonie am Bundestag / Reportage Eric Ewald

Putin marschéiert u Spëtzt vu Militärparade zu Moskau

RTL

De russesche President mat engem Foto vu sengem Papp, deen am zweete Weltkrich fir Russland gekämpft huet. / © AFP

De 70. Joresdag vun der Liberatioun feiert Russland um Samschdeg mat enger vun de gréisste Militärparaden an der Geschicht vum Land, mat net manner wéi 16.000 Zaldoten a Kampffliger. Donieft fuere modern Panzer an Interkontinentalrakéiten iwwert d'Rout Plaz zu Moskau. Nieft dem russesche President Wladimir Putin sinn och Krichsveterane bei der Parade dobäi. Vill westlech Politiker boykottéieren d'Zeremonie awer an der russescher Haaptstad, bedéngt duerch d'Roll vu Russland an der Ukraine-Kris.

Déi meescht europäesch Staats- a Regierungscheffen, d'EU-Spëtzt an den amerikanesche President Barack Obama boykottéieren awer aus Protest géint déi russesch Politik am Ukrain-Konflikt d'Feierlechkeeten.  Déi däitsch Bundeskanzlerin Angela Merkel iwwerdeems deplacéiert sech awer an déi russesch Haaptstad. Si leet zesumme mam Wladimir Putin ee Kranz virum Monument vum Onbekannten Zaldot néier. D'Sowjetunioun hat am Kampf géint de Faschismus mat iwwer 27 Milliounen Doudeger déi gréissten Zuel vun Affer ze bekloen.

De russesche President ass un der Spëtzt vum Cortège mat am ganzen 250.000 Leit marschéiert. E Portrait vu sengem Papp am Grapp, deen am Zweete Weltkrich géint déi däitsch Truppen gekämpft huet.

RTL

© AFP

Fir un d'Liberatioun vu viru 70 Joer ze erënneren ass um Weekend Porte Ouverte an der Villa Pauly, organiséiert vum "Centre de documentation et de recherche sur la résistance". Vun de Samschdeg de Mëtteg 15 Auer u si guidéiert Visitten an um 17 Auer dann de Vernissage vun der Expo "Between Shade and Darkness", iwwert d'Schicksal vun de Judden zu Lëtzebuerg während dem Zweete Weltkrich. Den Entrée ass gratis. Donieft schwätzen Zäitzeien iwwert dat, wat si erlieft hunn.

Hannert de Mauere vun der Villa Pauly verstoppt sech eng däischter Geschicht. D'Gebai, dat am Joer 1919 gebaut gi wor, gouf vun der däitscher Wehrmacht iwwerfall a wor de Sëtz vun der Gestapo. An der Villa Pauly huet ville Lëtzebuerger hire Calvaire ugefaang. Op dëser Plaz gouf och Deportatioun vun de Lëtzebuerger Judden an d'Konzentratiounslager organiséiert.

D'Kommunistesch Partei organiséiert de Samschdeg de Moie eng Gedenkzeremonie beim russesch-sowjetesche Monument zu Esch/Lalleng, dëst zu Éiere vun de Sowjetbierger, déi während dem Zweete Weltkrich ëm d'Liewe komm sinn. Et ginn och Blumme beim Graf vum fréiere Parteipresident vun der KPL, dem Zénon Bernard, néier geluecht, dee vun den Nazien ëmbruecht gi wor.

Traditionell ass um 9. Mee och "d'Fête des Communards". Um 10.30 Auer de Samschdeg de Moien ass de Rassemblement vum Cortège virun der Kierch am Pafendall a geet dann zesumme bis op de Kierfecht um Siechenhaff.

RIED VUM PREMIER

Cérémonie commémorative du 70e anniversaire de la fin de la Seconde Guerre mondiale en Europe (08.05.2015)

Discours du Premier ministre, ministre d'État, Xavier Bettel

Altesses royales,
Excellenzen,
Léif Invitéen,

Haut viru 70 Joer, um 8. Mee 1945 huet Nazi-Däitschland ouni Bedingungen kapituléiert. De Waffestëllstand deen de 7. Mee zu Reims an de 9. Mee zu Berlin Karlshorst ënnerschriwwe gouf huet de Krich an Europa op en Enn bruecht. Domatt war d'Victoire vun den Alliéierten iwwer den Nazismus an de Faschismus definitiv.

Mais den Zweete Weltkrich wor awer nach laang net eriwwer. Op munneche Plazen hunn eenzel fanatesch Unitéite sëch nach ëmmer gewiert. Eréischt den 12. Mee gouf opgehal ze schéissen. Am Pazifik huet de Konflikt sech nach bis den 2. September higezunn. Am August haten déi zwou Atombommen op Hiroshima an Nagasaki en neit Zäitalter fir d'Mënschheet agelaut.

Jo, dëse Krich huet d'Gesiicht vun der Welt verännert. En huet och eis Land an eist Vollek haart getraff. De Wee bis an d'Liberatioun wor laang, vu brutale Schluechte gezeechent a mat Bludd an Tréinen iwwerzunn. Erënnere mer eis un déi dramatesch Evenementer, déi eis Heemecht vu September 1944 bis an den Abrëll 1945 markéiert hunn: un den 9. September wou déi éischt amerikanesch Befreier ukomm sinn an un den 10. September, wou de Prënz Félix an den Ierfgroussherzog Jean an der Haaptstad empfaange gi sinn. Wéi sëlleche Mënschen an Angscht gelieft hunn, well hir Familljen, de Papp, de Bouf oder d'Meedchen nach net doheem waren; wéi am Dezember d'Ardennenoffensiv eist Land nees uerg zerrappt huet, éier schliisslech de 14. Abrëll d'Grande-Duchesse Charlotte aus dem Exil erëmkoum an heiheem häerzlech a begeeschtert begréisst ginn ass.

Den 8. Mee 1945, war sécherlech d'Freed ënnert der Populatioun em sou méi grouss, well jidderee gehofft huet endlech nees richteg fräi ze sin. Mee, Europa war am Trauer. Lëtzebuerg wor am Trauer. De mënschleche Bilan war fuerchtbar! Den Zweete Weltkrich huet méi wéi 64 Millioune Mënschen d'Liewe kascht, dorënner 45 Milliounen Zivilisten! Lëtzebuerg huet ongeféier 2% vu sengen Awunner verluer an e groussen Deel vun senger jiddescher Populatioun. D'Hallschent vun eise Krichsdoudege ware jonk Männer a Fraen déi vun dem Okkupant an déi däitsch paramilitäresch Déngschter oder an d'Wehrmacht zwangsrekrutéiert goufen.

Nee, den 8. Mee 1945 war de Krich an d'Suite vum Krich nach laang net ausgestan. Matten an Europa ware Millioune vu Mënschen op der Flucht, op der Strooss. Onsécherheet an Angscht hu ville Leit deemools d'Häerzer opgefriess. De Fridde war wuel retabléiert, mee et war nach laang net all Wonn geheelt. Europa loung um Buedem. Zerstéiert. Materiell mee och moralesch.
D'Rekonstruktioun stoung an d'Haus an domatt verbonnen eng Leeschtung, déi nach haut eisen déifste Respekt verdéngt.

Et huet e gespuert dat d'Erënnerung un déi däitsch Besatzung schwiereg géif ginn, well déi däischter Joere ware komplex. Do woren déi zivil a militäresch Affer. Do wor d'Shoah, d'Exterminatioun vun engem Drëttel vun der jiddescher Bevëlkerung, déi 1940 zu Lëtzebuerg wor. Do waren déi, déi resistéiert haten, déi déi sech an déi alliéiert Arméien engagéiert haten, déi vill Leit, déi an der Resistenz sech agesat haten an déi ongezielt anonym Lëtzebuerger, déi Solidaritéit bewisen haten. Do waren awer och déi, déi kollaboréiert haten. Déi sougenannt Gielemännercher koumen aus alle gesellschaftleche Milieuen. Nee, mir waren net all Helden! D'Historiker hun eist dëst jo an d'Gediechtnes geruff.

An der Nokrichszäit hunn d'Prozesser vu Nürnberg a Tokyo der ganzer Welt gewisen wat de Mënsch kapabel ass dem Mënsch un ze doen. D'Justiz huet d'Verbrieche géint Mënschheet definéiert an duerfir gesuergt dat dëst bestrooft sollt ginn, an der Hoffnung enger Récidive entgéint ze wierken. An dëser Zäit hunn och déi direkt Zeien ugefaang ze erzielen. Mee, haut 70 Joer duerno, verloossen eis d'Zäitzeien. Lo gëtt et ëmsou méi wichteg, dat wat si erlieft hunn an hire Friddensmessage de jonke Generatioune weider ze reechen. Leider konnten d'Krichsverbriechen a d'Verbrieche géint d'Mënschheet net aus eiser Mëtt eliminéiert ginn. Haut ginn extremistesch Stemme rëm méi haart. D'Zuel vun internationale Krise klëmmt. Hei ass eis Verflichtung géintiwwer eiser Geschicht méi wéi je gefrot. Mir sollen eis Vergaangenheet kennen a verstoen fir fundamental Léieren aus hir ze zéien. An dësem Sënn wëll ech hei der asbl Patrimoine Roses pour le Luxembourg an hire Memberen Merci soen dat si eis dëse wonnerschéine Rosier „Fräiheetsrous", „rosier de la Liberté", mat senger ganzer Symbolik geschenkt hunn. Vu Melarosa geschafen, vu Senger Altesse Royale, dem Grand-Duc Henri parrainéiert, ass dëst en Hommage un all déi, déi duerch hiert Affer et onser Kommunautéit erlaabt hun rëm op ze stoen an sech fir eng besser Welt an engem versöhnten Europa anzesetzen.

Altesses Royales,
Excellenzen,
Léif Invitée,

Haut op dësem 8. Mee 2015,
Eise Merci geet un d'Liberateure vun deemools
Eis Unerkennung an eise Respekt gehéieren deene vun eis, déi fir d'Heemecht gestuerwe sinn an deenen, déi se erëm opgeriicht hunn.
Eis Hoffnung ankert an deene Wäerter: éiwege Fridden, Gerechtegkeet a Fräiheet

Dës Wäerter sinn universal awer och zerbriechlech. Si verlaange vun eis dat mer eis all Dag fir si asetzen.

Haut op dësem 8. Mee 2015, ass et un eis fir eis Vergaangenheet ze verstoen, Léieren aus hier ze zéien, a Responsabilitéit fir eis gemeinsam Zukunft ze huelen.

Cérémonie commémorative du 70e anniversaire de la fin de la Seconde Guerre mondiale

en Europe (08.05.2015)

 

Discours du Premier ministre, ministre d’État, Xavier Bettel

 

 

 

Altesses royales,

Excellenzen,

Léif Invitéen,

 

 

Haut viru 70 Joer, um 8. Mee 1945 huet Nazi-Däitschland ouni Bedingungen kapituléiert. De Waffestëllstand deen de 7. Mee zu Reims an de 9. Mee zu Berlin Karlshorst ënnerschriwwe gouf huet de Krich an Europa op en Enn bruecht. Domatt war d’Victoire vun den Alliéierten iwwer den Nazismus an de Faschismus definitiv.

 

Mais den Zweete Weltkrich wor awer nach laang net eriwwer. Op munneche Plazen hunn eenzel fanatesch Unitéite sëch nach ëmmer gewiert. Eréischt den 12. Mee gouf opgehal ze schéissen. Am Pazifik huet de Konflikt sech nach bis den 2. September higezunn. Am August haten déi zwou Atombommen op Hiroshima an Nagasaki en neit Zäitalter fir d’Mënschheet agelaut.

 

Jo, dëse Krich huet d’Gesiicht vun der Welt verännert. En huet och eis Land an eist Vollek haart getraff. De Wee bis an d’Liberatioun wor laang, vu brutale Schluechte gezeechent a mat Bludd an Tréinen iwwerzunn. Erënnere mer eis un déi dramatesch Evenementer, déi eis Heemecht vu September 1944 bis an den Abrëll 1945 markéiert hunn: un den 9. September wou déi éischt amerikanesch Befreier ukomm sinn an un den 10. September, wou de Prënz Félix an den Ierfgroussherzog Jean an der Haaptstad empfaange gi sinn. Wéi sëlleche Mënschen an Angscht gelieft hunn, well hir Familljen, de Papp, de Bouf oder d’Meedchen nach net doheem waren; wéi am Dezember d’Ardennenoffensiv eist Land nees uerg zerrappt huet, éier schliisslech de 14. Abrëll d’Grande-Duchesse Charlotte aus dem Exil erëmkoum an heiheem häerzlech a begeeschtert begréisst ginn ass.

 

Den 8. Mee 1945, war sécherlech d’Freed ënnert der Populatioun em sou méi grouss, well jidderee gehofft huet endlech nees richteg fräi ze sin. Mee, Europa war am Trauer. Lëtzebuerg wor am Trauer. De mënschleche Bilan war fuerchtbar! Den Zweete Weltkrich huet méi wéi 64 Millioune Mënschen d’Liewe kascht, dorënner 45 Milliounen Zivilisten! Lëtzebuerg huet ongeféier 2% vu sengen Awunner verluer an e groussen Deel vun senger jiddescher Populatioun. D’Hallschent vun eise Krichsdoudege ware jonk Männer a Fraen déi vun dem Okkupant an déi däitsch paramilitäresch Déngschter oder an d’Wehrmacht zwangsrekrutéiert goufen.

 

Nee, den 8. Mee 1945 war de Krich an d’Suite vum Krich nach laang net ausgestan. Matten an Europa ware Millioune vu Mënschen op der Flucht, op der Strooss. Onsécherheet an Angscht hu ville Leit deemools d’Häerzer opgefriess. De Fridde war wuel retabléiert, mee et war nach laang net all Wonn geheelt. Europa loung um Buedem. Zerstéiert. Materiell mee och moralesch.

D’Rekonstruktioun stoung an d’Haus an domatt verbonnen eng Leeschtung, déi nach haut eisen déifste Respekt  verdéngt.

 

Et huet e gespuert dat d’Erënnerung un déi däitsch Besatzung schwiereg géif ginn, well déi däischter Joere ware komplex. Do woren déi zivil a militäresch Affer. Do wor d’Shoah, d’Exterminatioun vun engem Drëttel vun der jiddescher Bevëlkerung, déi 1940 zu Lëtzebuerg wor. Do waren déi, déi resistéiert haten, déi déi sech an déi alliéiert Arméien engagéiert haten, déi vill Leit, déi an der Resistenz sech agesat haten an déi ongezielt anonym Lëtzebuerger, déi Solidaritéit bewisen haten. Do waren awer och déi, déi kollaboréiert haten. Déi sougenannt Gielemännercher koumen aus alle gesellschaftleche Milieuen. Nee, mir waren net all Helden! D’Historiker hun eist dëst jo an d’Gediechtnes geruff.

 

An der Nokrichszäit hunn d’Prozesser vu Nürnberg a Tokyo der ganzer Welt gewisen wat de Mënsch kapabel ass dem Mënsch un ze doen. D’Justiz huet d’Verbrieche géint Mënschheet definéiert an duerfir gesuergt dat dëst bestrooft sollt ginn, an der Hoffnung enger Récidive entgéint ze wierken. An dëser Zäit hunn och déi direkt Zeien ugefaang ze erzielen. Mee, haut 70 Joer duerno, verloossen eis d’Zäitzeien. Lo gëtt et ëmsou méi wichteg, dat wat si erlieft hunn an hire Friddensmessage de jonke Generatioune weider ze reechen. Leider konnten d’Krichsverbriechen a d’Verbrieche géint d’Mënschheet net aus eiser Mëtt eliminéiert ginn. Haut ginn extremistesch Stemme rëm méi haart. D’Zuel vun internationale Krise klëmmt. Hei ass eis Verflichtung géintiwwer eiser Geschicht méi wéi je gefrot. Mir sollen eis Vergaangenheet kennen a verstoen fir fundamental Léieren aus hir ze zéien. An dësem Sënn wëll ech hei der asbl Patrimoine Roses pour le Luxembourg an hire Memberen Merci soen dat si eis dëse wonnerschéine Rosier „Fräiheetsrous“, „rosier de la Liberté“, mat senger ganzer Symbolik geschenkt hunn. Vu Melarosa geschafen, vu Senger Altesse Royale, dem Grand-Duc Henri parrainéiert, ass dëst en Hommage  un all déi, déi duerch hiert Affer et onser Kommunautéit erlaabt hun rëm op ze stoen an sech fir eng besser Welt an engem versöhnten Europa anzesetzen.

 

Altesses Royales,

Excellenzen,

Léif Invitée,

 

Haut op dësem 8. Mee 2015,

Eise Merci geet un d’Liberateure vun deemools

Eis Unerkennung an eise Respekt gehéieren deene vun eis, déi fir d’Heemecht gestuerwe sinn an deenen, déi se erëm opgeriicht hunn.

Eis Hoffnung ankert an deene Wäerter: éiwege Fridden, Gerechtegkeet a Fräiheet

 

Dës Wäerter sinn universal awer och zerbriechlech. Si verlaange vun eis dat mer eis all Dag fir si asetzen.

 

Haut op dësem 8. Mee 2015, ass et un eis fir eis Vergaangenheet ze verstoen, Léieren aus hier ze zéien, a  Responsabilitéit fir eis gemeinsam Zukunft ze huelen.