Zënter dem leschten November gëtt een Deel vum Schrott, deen zu Esch-Belval ugeliwwert gëtt, an enger neier Wäschanlag traitéiert.

Schrott ass déi Matière, déi am Elektrouewe verschafft an dann d’Basis vun den Stolprodukter liwwert. All Joers gëtt ronn 1 Millioun Tonnen Schrott op dësem Site weiderverwäert.

Schrott ass net gläich Schrott. Dofir ginn och nëmmen 10% vum Schrott an der Anlag gewäsch.

Nëmmen déi Schrottqualitéiten, déi mat Schuedstoffer kéinte belaascht sinn, géifen duerch d’Wäschanlag geschleist, präziséieren déi Responsabel vum Stolproduzent.

D’Wäsche vun engem Deel vum Schrott wär och nëmmen een Aspekt vun den Efforten, fir d’Ëmweltbelaaschtung am Wierk an de Grëff ze kréien.

Et géing ëm d’Bekämpfung vun Schwieweldioxyd, Kuelemonoxyd an virun allem Kuelenwaasserstoffer –kuerz TOC.

Konkret wären de leschte Wanter technesch Verbesserungen un der Entstëpsungsanlag gemaach ginn. Et wären och nei Ventilatoren installéiert ginn, fir d’Ofgase besser ze behandelen.

Duerch déi 2 Verbesserungen -manner Schuedstoffer, déi duerch d’Wäsche vum Schrott an de Produktiounsprozess erakommen an duerch eng besser Behandlung vun den Ofgasen- hätten d’Emissiounen vu schiedlechen Substanzen an den éischte Méint vum Joer 2015 op en Drëttel vun den Wäerter vu virdrun kënne reduzéiert ginn, ënnersträicht den CEO vum Wierk vun Esch-Belval Roland Bastian am Interview op RTL Télé Lëtzebuerg.

VIDEO: Emweltbelaaschtung (besser) am Grëff?
Duerch eng nei Wäschanlag an technesch Verbesserung un der Entstëbsungsanlag wären d'Emissiounen vu Schuedstoffer zu Esch-Belval sensible zereckgefour ginn.

Ob déi ugekënnegt Verbesserunge wierklech schonns hir Friichten droen, mussen nach duerch d’Resultater vun der neier Moosskampagne vun engem onofhängegen Kontrollbüro confirméiert ginn. Dës Resultater leien den Ament nach net vir.

ArcelorMittal ass an den leschten Joren ëmmer nees hefteg wéinst Emissiounen an Imissiounen vun Schuedstoffer ronderëm d’Wierk vun Esch-Belval kritiséiert ginn.

Emissiounen ginn um Kamäin gemooss. Imissiounen si Schuedstoffer, déi sech beispillsweis um Geméis festsetzen.