Zesumme mat de Kolleegen aus der Belsch an aus Däitschland huet d'Police en Dënschdeg eng gréisser Kontroll un der Grenz duerchgefouert.

Am Kader vun enger internationaler Zesummenaarbecht huet d'Police en Dënschdeg tëscht 15 an 20 Auer eng grenziwwerschreidend Kontroll beim Rond-point Wemperhaart an op der N62 an der Belsch duerchgefouert, dat mat Fokus op Drogen a Verkéierssécherheet

Un de Kontrollen hunn eenzel Ekippe vun der Police Lëtzebuerg matgeschafft, souwéi och d'Kolleege vun der belscher Police an der däitscher Douane.

Op lëtzebuerger Säit goufen zwee Chauffere mam Handy hannert dem Steier erwëscht. Zwee aner Chauffere konnte keng valabel technesch Kontroll virleeën, an ee Chauffeur hat keng gëlteg Steier-Vignette. Weider haten zwee Chaufferen hire Führerschäin net dobäi, ee Chauffeur hat keng Sécherheetswest, a bei zwee Gefierer goufe Rëss an der viischter Glace festgestallt. Zwee Autoe goufen iwwerdeems aus dem Verkéier gezunn, well si net verséchert waren.

Op belscher Säit gouf ee Chauffeur wéinst Manktem un de Pneuen a véier Chauffere wéinst technesche Problemer mat de Pobeiere protokolléiert. An zwee Fäll gouf et wéinst Drogebesëtz e Protokoll. Zousätzlech ass op belscher Säit e Gefier gestoppt ginn, dat mat falsche Placken ënnerwee war, net zougelooss war, net technesch kontrolléiert war an och keng Versécherung hat. D'Gefier gouf séchergestallt a weider Ermëttlunge sinn ageleet ginn.

Alkoholskontrollen zu Schëtter an zu Senneng

Op Uerder vum Parquet huet d'Police en Dënschdeg uechter d'Land sëllegen Alkoholskontrollen duerchgefouert, dat ënnert anerem zu Schëtter an zu Senneng. Am Ganze goufen 326 Automobiliste gestoppt, och wann et kee konkrete Verdacht gouf.

A véier Fäll ass den Test positiv ausgefall, an engem Fall gouf de Führerschäin op der Plaz agezunn. Zousätzlech goufen nach fënnef weider Verstéiss géint de Code de la route festgestallt.