Schoulcomité aus Escher Lycée fuerdert "manner Rumeuren, méi Wourecht"

D'Affär ëm d'Theatergrupp Namasté vum Escher Meedercherslycée huet nawell fir vill Opreegung gesuergt.
An der Affär beim Escher Schoultheatergrupp Namasté, ëm presuméiert grave Akten, déi sexuell konnotéiert sollte gewiescht sinn, mellt sech lo de Comité aus dem Lycée zu Wuert. Viséiert ware déi sougenannt "Ritterspiller", déi op der Ofschlossfeier ofgehale goufen. Dës hätte kéinten op grav sexuell Abuse schléisse loossen.
Wéi et an engem oppenen Bréif vum Schoulcomité vum Lycée Hubert Clement heescht, hätt den Theatergrupp direkt no der Denonciatioun mat sengen Aktivitéiten opgehalen.
Zwee Proffen wieren nach ëmmer déif getraff a vill implizéiert Jonker wieren op der Sich no Normalitéit.
D'Proffen an d'Personal vum Lycée bedaueren dann och de Wuertlaut vun engem éischten Communiqué vum Parquet, deen ze vill Spillraum fir net-fondéiert Spekulatioune gelooss hätt.
Och nodeem de Parquet dësen Dossier "ad acta"* geluecht huet, hätten et keng Excusen ginn. All déi implizéiert Proffen a Schüler wieren an der Press dovunner gewuer ginn. Admiratioun gëtt Allen ausgeschwat, déi wärend der laanger Zäit vun Onsécherheet hir Rou a Gedold behalen hätten.
D'Lektioun, déi kéint gezu ginn, wier kloer: manner Gedäisch a méi Prezisioun, grad wéi méi Respekt a Schutz, fir all déi, déi sech an den Déngscht vu Jonke stellen.
Déi lescht Woch hat de Parquet matgedeelt, datt de penale Volet vun der Affär Namsté géif zougemaach ginn, och den Educatiounsministère wäert der Saach keng weider Suitte ginn.
*De Parquet huet no der Publikatioun vum Artikel matgedeelt, datt et am Kader vun der Affär Namasté net e "Non-lieu" ginn hätt, mä datt dës Affär e Klassement vum Parquet krut, also "ad acta" geluecht gouf.