29 Fäll vu Mënschenhandel am Grand-Duché identifizéiert

© Anne Wolff
E Samschden ass den Europäeschen Dag vum Kampf géint de Mënschenhandel. An deem Kader erënnert InfoTraite drun, datt Mënschenhandel och hei en Thema ass.
D’Ulafstell geet zanter zéng Joer aktiv géint de Mënschenhandel vir a betreit d’Affer. Aktuell ginn et 29 identifizéiert Fäll vu Mënschenhandel. D'Donkelziffer riskéiert awer däitlech méi héich ze sinn.
Zwangsaarbecht, organiséiert Heescherei, Kriminalitéit, sexuell Ausbeutung: De Mënschenhandel huet vill Gesiichter. D'Affer dogéint hunn dacks eppes gemeinsam: si liewen a prekäre Verhältnisser a gi mat eidele Verspriechen ugelackelt, erkläert eng Assistante sociale vun InfoTraite, där hiren Numm aus Sécherheetsgrënn net genannt gëtt.
"Den Employeur, deen dann ebe versprécht: Du kënns op Lëtzebuerg, ech hunn eng Wunneng fir dech, du kriss e Salaire, du hues eng Affiliatioun un d'CNS, alles dat gëtt versprach, och een Aarbechtskontrakt, dee korrekt ass, an da wann d'Affer hei zu Lëtzebuerg ukommen, ass d'Realitéit awer komplett eng aner."
Opgrond vun hirer Vulnerabilitéit ginn déi Betraffen ausgenotzt a mussen ënner onwierdege Konditioune schaffen a liewen.
"Et kann een dann esou Saache gesi wéi Leit, déi an engem Keller musse schlofen, wou se keng Fënsteren hunn, wou se kee Bett hunn, wou se och zum Beispill net fräi däerfen op d'Toilette goen, wa se wëllen. Si däerfen net fräi iessen, wa se wëllen, wou wierklech och eng Kontroll ausgeüübt gëtt vum Employeur, wou d'Leit, och an hirer Fräizäit, wa se Fräizäit hunn, si se net fräi ze maachen, wat se wëllen."
D'Affer géinge sech dacks net trauen, eppes ze soen. D'Strofen am Fall vu Mënschenhandel géingen Onéierlecher och net wierklech ofschrecken, mengt d'Assistante sociale vun InfoTraite.
"Da kann ech mer virstellen, dass et fir en Employeur warscheinlech effektiv elo net esou, also ech mengen si si lo net dovun ofgeschreckt dat ze testen, well se gesinn, dass d'Strofe lo och net enorm sinn."
Bei Verdacht op Mënschenhandel soll ee sech un den 113 adresséieren, oder un d’ITM. Méi iwwer déi verschidde Forme vu Mënschenhandel ginn et um Internetsite stoptraite.lu.