Op all d'Méint vun dësem Joer gekuckt, goufe bis ewell 1.332 Demanden agereecht.

154 Demanden op Protection interantionale gouf et dëse September. Dat sinn der 23 manner, wéi nach virun engem Joer an esouguer 89 manner wéi nach virun zwee Joer.  Am ganze hu bis ewell 1.332 Leit esou eng Demande fir dëst Joer agereecht. 2024 gouf et bis Enn September 1.308 an 2023 1.739 Demanden.

Opgedeelt op d'Natioune koumen am September déi meescht aus dem Eritrea mat 57. Dohannert kommen de Venezuela (14) an de Soudan (9). Weider Demande koumen aus dem Afghanistan, Algerien, Syrien, dem Zimbabwe (all 6) an aus Nordmazedonien an dem Marokko (béid 5). Da gouf et nach 40 Demanden aus net genannte Länner.

Och am Bléck op dat ganzt Joer koumen déi meescht Demanden op Protection interantionale aus Eritrea (250 Leit - 19,5 Persounen). Dohannert kënnt da Syrien (158 - 11,9%) an Algerien (73 - 5,5 %).

Den Ausseministère huet dann och matgedeelt, datt am September 119 Demanden erakoumen, fir eng Protection temporaire. 111 dovu koume vun Ukrainer an 7 vu Leit mat aneren Nationalitéiten. Am ganze gouf et dëst Joer schonn 781 vun dësen Demanden, dovu koumen der 713 vun Ukrainer.