D'Police sicht no engem Accident mat Farerflucht op der A1 e Méindeg de Moien no Zeien.

Sechs Autoe waren an dësen Accident verwéckelt, deen op der Héicht Kierchbierg a Richtung Gaasperech geschitt ass. Éischten Informatiounen no wier de wäisse Liwwerwon, deen den Accident ausgeléist hätt, weider a Richtung Kierchbierg gefuer. D'Gefier hätt der Police no hannen zwee Plakater befestegt gehat.

Zeien oder Persoune mat Informatiounen zu dësem Won solle sech per Email (upr.sia@police.etat.lu) bei der Police mellen.