Presuméierten Täter war méiglecherweis an eng Fal gelackelt ginn
Um Mëttwoch war den zweeten Dag am Prozess ëm déi déidlech Messerpickerei zu Bouneweg am Joer 2021.
Et war eng Nouvelle, déi deemools vill Leit schockéiert hat an duerno gouf et Diskussiounen iwwer d'Aggressivitéit bei de Jugendlechen: am Wanter 2021 war e Sträit tëscht Jugendlechen zu Bouneweg eskaléiert. E Sträit, deen ee Schüler aus dem Bouneweger Lycée vun 18 Joer mam Dout bezuelt huet. Hie war duerch e Messerstéch an d'Häerz gestuerwen.
Haut war den zweete vu véier Prozess-Deeg géint den Haaptugekloten an en zweeten Accuséierten.
Keng einfach Aufgab Liicht an d'Donkel ze bréngen. Ma d'Riichterin huet et och um zweeten Dag vum Prozess weider probéiert: Wéi koum et iwwerhaapt dozou, dass déi véier an duerno fënnef Jonker aus zwou Gruppen zu Bouneweg openeegetraff sinn? Firwat koum et zu der Ausernanersetzung an um Enn zu der déidlecher Messerpickerei?
De presuméierten Täter, deemools 17 Joer al, hat schonn dunn seng Dot zouginn an ausgesot, hie géif se zudéifst bereien. Et wär en Instinkt gewiescht, e Schutz. Dat seet hien deemools wéi haut, wéi och de Psychiater um éischten Dag vum Prozess en Dënschdeg, an um zweeten Dag e Mëttwoch och den Enquêteur.
Net kloer ass awer, firwat hien dann op deem Januar-Owend iwwerhaapt e Messer bei sech gedroen hat. Hien an en deemools 15 Joer jonke Kolleeg hate sech Online mat fir si Onbekannten an d‘Hoer kritt. Si woussten net, dass si spéider an der analoger Welt op déi Männer treffe wäerten, déi si virdrun Schëmmel a Bless vernannt haten.
Iwwer Snapchat huet deen zweeten Ugeklote vun haut, dee sech am Video-Chat nämlech bedeckt gehalen hat, déi zwee Jonk dunn opgefuerdert, sech op Bouneweg ze beweegen, fir him eng Titchen Cannabis ze verkafen. Wéi haut am Geriichtssall als Thees verdéift gouf, wollten hien an dat spéidert Doudesaffer déi zwee méi Jonk beklauen.
Et bleift eng Thees, mä wat si kéint verroden: si haten effektiv deemools just 13 Euro an der Täsch. Een Zeien huet ausgesot, fir déi Zomm hätt een deemools um illegale Marché bestëmmt keng ganz Titche kritt. Op d'mannst 45 Euro hätt ee missen dohi bliederen.
Déi zwou Gruppen hate sech deemno zu Bouneweg getraff. Op der Plaz hunn d'Faiten dunn hire Laf geholl. Den zweeten Ugeklote vun haut hätt sech als deen aus dem Video-Chat ze erkenne ginn. Et wär zu enger Kläpperei komm, déi ëmmer méi brutal gouf.
Ee Grupp hat eng Matraque dobäi, déi aner op d'mannst ee Messer. Wéini, wien, wéi eng Waff agesat hat an op wéi eng Manéier bleift haut och net ganz kloer.
An hiren Aussoen, déi den Enquêteur presentéiert huet, widdersprieche presuméierten Täter a Kolleeg, an den ugeklote Kompliz vum Doudesaffer sech. An e fënnefte Mann, deen zum Grupp vum Doudesaffer gehéiert an deemools op de Rendez-vous nokomm war, huet als Zeien direkt och keng Kloerheet an d'Affär bruecht.
Woubäi, wat kloer ass: de presuméierten Täter bestreit net, gepickt ze hunn. Just d‘Manéier an den Zäitpunkt mussen nach erauskristalliséiert ginn: War de presuméierten Täter och attackéiert ginn, a wa jo: just verbal oder kierperlech?
Nom zweeten Dag am Prozess gëtt nach méi däitlech, wéi tragesch den Doud vum 18 Joer ale Rafael war: Zwou Gruppe vu jonke Männer hu sech sënnlos online opgestëppelt, si haten all Cannabis consomméiert, eng Grupp wollt déi aner warscheinlech an eng Fal lackelen, a jidderee war bereet, sech op d'mannst potenziell op eng Kläpperei anzeloossen. Net ze schwätzen dovun, dass der op d'mannst zwee sech arméiert hate fir op den dubiéise Rendez-vous.
En Donneschdeg ass den drëtte Prozessdag.