E Mëttwoch de Mëtten huet en Auto sech op der N22 iwwerschloen, dobäi ass eng Persoun blesséiert ginn.

Kuerz viru 15 Auer e Mëttwoch koum et zu engem Accident op der N22 vun Iewerleng a Richtung Räichel, bei deem een Auto sech iwwerschloen huet. Dobäi ass eng Persoun blesséiert ginn.

D'Secouriste vu Réiden op der Atert a vun Useldeng waren op der Plaz, och e Rettungshelikopter huet missen dohi geschéckt ginn.

D'Strooss gouf nom Accident ofgespaart.