An der Moyenne 180 Blesséierter d'Joer bei Motosaccidenter
An der Moyenne ginn zu Lëtzebuerg eng 180 Persoune bei Motorradsaccidenter d'Joer blesséiert, sou Statistike vun de Ministere Gloden a Backes.
Bannent de leschten 12 Joer goufen et net manner wéi knapp 2.100 Affer bei engen 1.960 Accidenter wou e Moto dra verwéckelt war. Bei de meeschten Accidenter goufen de Motocyclist respektiv de Bäifuerer liicht oder uerg verwonnt – 77 Persounen koume bei den Tëschefäll ëm d'Liewen.
An der Moyenne sinn dat d'Joer eng 180 Blesséierter bei Motorrads-Accidenter. Besonnesch héich war de Bilan zejoert, wou 183 Motorrads-Accidenter an 199 Blesséierter gezielt goufen.
Datt Kontrollen – wéi déi am Kader vun der Aktioun "Sécher op 2 Rieder" – sech lounen, weist och dee Bilan: sou goufe bei Police-Kontrollen eng 1.370 Motocycliste protokolléiert, well hir Maschinnen net konform waren oder d'Pabeieren net an der Rei waren.
Dës Informatioune liwweren d'Ministere Backes a Gloden no enger parlamentarescher Fro vum DP-Duo Graas a Bauler.