Gréissere Materialschued
Camion-Unhänger a Brand op der Aire de Capellen

© Police
Op der Aire de Capellen huet um Mëttwoch de Moie géint 5.25 Auer a Richtung Stad en Unhänger vun engem Camion gebrannt.
De Chauffer hat op ee mol gemierkt, datt ee vun de Pneuen dämpe géif an ass um Parking vun der Raststätt stoe bliwwen. Wahrscheinlech hat sech de Pneu iwwerhëtzt.
Den Unhänger gouf vun de Pompjeeë lassgekoppelt an d'Feier ass geläscht.
De Materialschued ass grouss, ma et ass kengem eppes geschitt.
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Am meeschte gelies