Nom ReferendumNee-Nee-Nee a vill Reaktiounen + RTL-Wahlanalys-Video

Wahlrecht vu 16 Joer un, Awunnerwahlrecht a Limitatioun vun der Dauer vu Ministeschmandater - alles dat gouf de 7. Juni refuséiert. Kloer an däitlech.

Wahlanalys (08.06.2015)
Mam Caroline Mart.
Am Resumé: Et war en iwwerdäitlechen dräifachen Nee um Sonndeg!

80,87 % géint Wahlrecht mat 16
78,02 % géint Awunnerwahlrecht
69,93 % géint Limitatioun vu Ministeschmandater

Referendum: Grouss Ronn nom klore Vote! (07.06.2015)
Nom dräifachen Nee eng Table Ronde mat den Haaptakteuren.


A kenger Gemeng gouf et e Jo zu enger vun den 3 Froen - et war emol néirens knapp ginn, esou iwwerleeë war den Nee.

Am Virfeld vum Referendum vu hat RTL vun TNS-Ilres e Sondage maache gelooss, ënnert anerem iwwert d'Konsequenzen nom Referendum ...

PDF: Grouss Ëmfro VIRUM Referendum vun TNS-Ilres fir RTL.

Dir Hutt Wuert vum 9. Juni



Reaktiounen um Méindeg: Resultat acceptéieren, Enttäuschung verschaffen

Och um "day after" hunn nach vill Leit op d'Resultat vum Referendum reagéiert.

ËMFRO op Facebook: Wéi gesitt Dir de Vote?


Politik a Politologie

Den Ausseminister Jean Asselborn huet e Méindeg de Moien och nach op d'Resultat vum Referendum vum Sonndeg reagéiert. "Et ass net esou, dass mer elo 20% schlecht Lëtzebuerger hei am Land hunn an 80% Gudder", sot hien am RTL-Interview:

Nom Referendum: De Jean Asselborn - "openeen duergoen"



"Ech géif och mengen, datt déi 80 Prozent doudsécher mussen op déi 20 Prozent zougoen an déi 20 Prozent mussen op déi 80 Prozent zougoen. An enger Demokratie gëtt et näischt ze radetten, wann d'Vollek geschwat huet. An d'Vollek huet geschwat. Domatter muss dës Regierung sech offannen a kucken, wéi mer an der Haaptfro, an et geet jo ëm d'Haaptfro, virukommen. Mä 't ass net fir de Kapp hänken ze loossen. Mir hunn ze acceptéieren, wat gëschter geschitt ass an ze kucken um Fong vun där Saach, fir dass d'Demokratie hei zu Lëtzebuerg, déi parlamentaresch Demokratie hei zu Lëtzebuerg, datt déi e Schub no vir kënnt, datt mer dat maachen. Dat ass net onméiglech."

De Jean Asselborn war e Méindeg de Moien an der Chamberkommissioun fir Aussepolitik, an huet do d'Prioritéite vun der Lëtzebuerger EU-Presidence virgestallt, déi jo vum 1. Juli u 6 Méint laang dauert.

"D’Campagne, déi am Virfeld vum Referendum vun de Parteie gemaach gouf, war vaste, an huet net wierklech enger klassescher Referendumscampagne entsprach", seet de Politolog Philippe Poirier. D’Parteien hätte sech schwéier gedoen, sech op d’Electeuren anzeloossen. Dat géif d’Politiker awer net drun hënneren, sech an Zukunft ze verbesseren. Zum Beispill fir de Referendum an zwee Joer, wann et ëm d’Verfassung geet. Do muss net nëmmen eng strukturéiert Campagne op den Dësch geluecht ginn. Mä fir ze sensibiliséieren, misst virum Vote eventuell de Bierger un den Interessegruppe partizipéieren, fir schonn iwwer kriddeleg Artikele kënnen ze debattéieren.

Nom Referendum: Analys vum Politolog Philippe Poirier



Aus dem Resultat vum Referendum, hätt sech och nach eppes anescht erauskristalliséiert, esou de Philippe Poirier: Wéinst den neien Informatiounsméiglechkeeten a -systemer an hire Rapporten zu den Institutiounen am Allgemenge kéint een haut net méi esou Politik maachen, wéi een dat nach virun 10 oder 15 Joer maache konnt. "Wa sech d'Parteien an d'Institutiounen net op déi nei Struktur an déi nei Forme vu Representatioun vun de Bierger astellen, da gëtt den Decalage ënnert dem Pays légal an dem Pays réel oder dem Réel de la société ëmmer méi grouss."

Extrait Philippe Poirier (2)



Scène publique

Eng Rei Leit aus der Scène publique hate sech am Virfeld vum Referendum ëffentlech zum "Jo" bekannt. Ee vun hinne war de Laurent Schonckert de Chef vum Cactus Grupp. D'Reaktioun op den dräifache "Neen" fält esou aus.

"Fir mech, ech kann et nëmme betounen, ass et eng Enttäuschung an eng Tatsaach wéi ech gesot hunn, datt mer vläicht déi Froen e puer Joer ze fréi gestallt hunn. Ech sinn awer iwwerzeegt dovun, dass zumindest eng oder déi aner Fro, an notamment déi vum Auslännerwahlrecht fréier oder spéider nach eng Kéier op d'Tapéit muss kommen."

An Zukunft géing eng Minoritéit iwwert eng Majoritéit bestëmmen, dees misst ee sech bewosst sinn, seet de Laurent Schonckert.

Extrait Laurent Schonckert



Och de Pierre Dillenburg hat sech op d'Säit vum "Jo" geschloen an ass nom Vote enttäuscht.

"Do gesäit een, wéi eist Vollek an der Majoritéit denkt. Ech verstinn och, mir sinn e klengt Land a mir hunn ëmmer gesot "mir wëlle bleiwe wat mir sinn", mä mir sinn dat scho laang net méi, wann een d'Realitéit an d'Ae kuckt. D'Liewe geet weider, a mir evoluéiere weider. Eist Land kann einfach net méi bleiwen, wat et eng Kéier war.... an et ass et scho laang net méi. Mir brauchen déi Auslänner, mir wëssen et ganz genau."

D'Resultat gëtt e Bild vum Land of, iwwert dat ee misst nodenken, esou nach de Pierre Dillenburg, fir deen den däitleche "Nee" vun de Lëtzebuerger awer muss respektéiert ginn.


Extrait Pierre Dillenburg


Ënnert de Leit aus dem ëffentlechen Liewen, déi sech fir de "Jo" staark gemeet hunn, war ënnert anerem den Museker, Acteur an Auteur Serge Tonnar.

Hie seet hie wier immens traureg iwwert déi ecrasant Majoritéit déi « Nee » gesot huet.

"Ech hu gehofft, an engem Lëtzebuerg ze liewen, wat open ass, ech stellen awer fest, dass dat net de Fall ass … Dat weist fir mech éischter e Land, wat sech zoumécht, wat Angscht huet a wat kee Vertrauen a seng Kultur huet …"

Extrait Serge Tonnar


De Serge Tonnar huet an deem Kontext och e klengen Text op Facebook publizéiert:

"Ech hunn hënt schlecht gedreemt. Ech hu gedreemt, ech wär an engem Land erwächt, wat net méi Lëtzebuerg heescht, mee Lëtzeboisch, e Land wou d'Leit net Lëtzebuergesch schwätzen, mee Lëtzeboiesch, e Land wou d'Awunner net Lëtzebuerger sinn, mee Lëtzeboier. E Land wou d'Leit Angscht hunn, Angscht virum Friemen an, nach méi schlëmm, Angscht virun hiren eegene Kanner. E Land wou d'Leit léiwer Politiker wëllen, déi sech Suergen em déi nächste Wahle maachen, wéi däer déi sech Suergen em ons Zukunft maachen. E Land wou d'Leit behaapten hier Sprooch a Kultur ze verteidegen, wou déi déi wierklech Sprooch a Kultur maachen awer net gehéiert an net respektéiert ginn, e Land wat sech zoumécht an esou verhënnert dass déi Sprooch a Kultur wuesse kënnen. E Land vun Angschthuesen, eng Natioun vu Fäertaaschen. Wéi gesot, ech hu schlecht gedreemt…"

Enttäuscht ass och de Filmproduzent Donato Rotunno: "Et kann ee sech vläit och d’Fro stelle vun der Gérance Politique. Menge mir haut, dass mer déi duebel Nationalitéit oder de Mariage homosexuel duerch e Referendum duerchkréien ? Heiansdo muss ee politesch Froen och anescht duerchsetze kënnen."

Extrait Donato Rotunno.


Och d'Schrëftstellerin Anise Koltz ass traureg iwwert d'Resultat.

"Ech perséinlech verstinn eigentlech net firwat…. Mir si virun allem elo alleguerten Europäer an ech fannen d’Land huet nach ëmmer déi Friem als Frënn opgeholl an ech fannen et dowéinst duebel traureg, dass d’Leit net matgemaach hunn.

Extrait Anise Koltz.


Den LCGB a säi President haten sech virum Referendum an d'Reie vum „Jo“ zum Auslännerwahlrecht gestallt. De Referendum wier awer de falsche fir dohinner ze kommen, seet de Patrick Dury, deen enttäuscht ass iwwert den zolitte "Nee" bei där Fro. Dësen däitleche Refus kéint dann och Konsequenzen hunn.

"Éischtens emol mengen ech, datt mer als Land am Ausland net dat beschte Bild ofginn. Zweetens menge mir, datt Rëss an der Gesellschaft entstane sinn, datt hunn jo och vill Leit an ärer Emissioun [RTL Télé Lëtzebuerg] an de Sondagen uginn. Ech wëll d'Sondagen hei net op den Altor hiewen, mä et ass kloer, datt een e Gefill eraus kritt, datt awer hei eng "Porzelane" futti geschloe ginn ass an et muss een lo kucken, wéi een dat erëm zesumme kritt, datt een u sech dofir suergt, datt u sech nach ëmmer eng sozial Kollisioun an dësem Land ka spillen."

Extrait Patrick Dury (1)



Elo missten d'Léiere fir d'Zukunft gezu ginn, seet den LCGB-President.

"D'applicative Demokratie muss een dann anescht preparéieren. D'Diskussioun muss vläit éischter am Virfeld ufänken. Wann ech mer eng bescheide Remark vu menger Säit aus dierf maachen, datt ass, wa mer 2017 dann de Referendum iwwer d'Verfassung kréien, da muss déi Diskussioun an déi Informatioun anescht lafen, well soss riskéiere mer an eng ähnlech Situatioun ze kommen."

Extrait Patrick Dury (2)



E Récktrëtt vun iergendengem fuerdert de chrëschtleche Gewerkschaftsbond iwwerdeems net. D'Regierung sollt sech no esou engem Desaveu awer hir Gedanke maachen, esou nach de Patrick Dury.

De President vun der Salariatskammer a fréiere President vum OGBL Jean-Claude Reding ass net iwwerrascht vum NEE, allerdéngs hat en net geduecht, datt d'Resultat sou däitlech géif ausfalen. Hien ass natierlech enttäuscht, ma lo misst ee sech mat der Fro beschäftegen, wéi et viru geet.

"Bon, ech gesinn op der anerer Säit, datt och déi grouss Parteien, wéi d'CSV, an och d'Gewerkschaften, wéi CGFP, déi gesot hunn, si wären net d'Accord fir d'Wahlrecht opzemaachen, mä wären awer och der Meenung, datt ee misst fir d'Integratioun suergen. Da musse mer awer elo ganz rapide iwwer déi Weeër schwätzen, déi et als alternativ dozou gëtt. An dat schenkt mer emol an zwou Richtunge kënnen ze goen. Dat eent ass e vereinfachten Accès zu der Lëtzebuerger Nationalitéit an dat ass net nëmmen eppes vun der duebeler Nationalitéit. Déi Fro ass awer ofhängeg vun deem anere Land."

Extrait Jean-Claude Reding (1)

En zweete Wee gesäit de Jean-Claude Reding iwwer Institutiounen, déi am demokratesche Prozess implizéiert sinn a wou Auslänner dra vertruede sinn.

"Ech gesinn do z.B. d'Beruffschamberen, well do jo u sech d'Wahlrecht besteet, well do kënne si matschwätzen. A wann een déi elo iwwer d'Verfassungsreform géif opwäerten, dann huet ee jo net eng Entscheedung geholl, déi géint déi Richtung wier, déi d'Vollek gestëmmt huet, nämlech datt d'Parlament reng Lëtzebuergesch soll sinn, mä et huet een awer an deem Moment dofir gesuergt, datt d'Stëmm vun deene Leit, déi hei zu Lëtzebuerg liewen, schaffen an net Lëtzebuerger sinn, besser ka gehéiert ginn."

Extrait Jean-Claude Reding (2)



Et misst een elo aner Méiglechkeete a Weeër fannen, fir d'Auslänner, déi hei am Land liewen a schaffen, mat anzebannen. Dat seet den Administrateur délégué vun der UEL, de Jean-Jacques Rommes.

"Selbstverständlech wäert eng Diskussioun ugoen, iwwer wat déi richteg Kritäre sinn, fir déi Lëtzebuerger Nationalitéit kënnen ze huelen. Esou wéi ech et gesinn, huet de Referendum an d'Diskussioun et méiglech gemaach, datt d'Parteien an d'Parlament sech méi no kommen. An dat hunn ech gemengt verstanen ze hunn, gëschter Owend. Dofir sinn ech awer elo net ze pessimistesch, fir datt mer net awer eng flott Solutioun fannen."

Extrait Jean Jacques Rommes (1)



D'Wielerschaft, wéi se den Ament besteet, ass kee Spigelbild vun der Lëtzebuerger Gesellschaft. Dofir hat de Jean-Jacques Rommes sech e puer Mol perséinlech fir ee "jo" beim Referendum engagéiert.

"Dat ass natierlech en Nodeel. An et ass net de Meenung vum Land, dat hu mer och e bëssen an dësem Resultat konne liesen. An dat ass net ganz gesond. Dat déi Solutioun, déi proposéiert war, net déi ass, déi d'Leit wëllen, musse mer zur Kenntnis huelen. Et gëtt elo kee Wee derlaanscht. Ech sinn de Moie ganz vill gesurft, fir déi international Reaktiounen ze gesinn an ech hunn net d'Gefill, dat dëst eisem Land schuet. Am Géigendeel, ech hunn d'Gefill gehat, wann ech gelies hunn am Frankräich an an Däitschland, datt sech awer éischter positiv driwwer geäussert gëtt, datt d'Lëtzebuerger sech iwwer esou eng Fro konnten expriméieren. An dat hu se gemaach an dat gëtt zur Kenntnis geholl."

Extrait Jean Jacques Rommes (2)



An anere Länner wier ee mol nach net esou wäit, offen an der Gesellschaft iwwert esou een Thema debattéieren ze kënnen.

Reaktiounen vun de Sozialpartner (08.06.2015)
CGFP, LCGB an UEL réagéieren ob den 3X NEE.


De Gaston Vogel hat sech virum Referendum zeréckgehalen a weder fir de JO nach fir den Nee plädéiert.

Am RTL Interview seet hien den Dag nom Referendum, datt d'Analyse nom Vote senger Meenung no séier gemaach ass. Hien ass iwwerzeegt, datt d'Majoritéit vun de Leit net um Fong vun de Froen intresséiert war.

"De Gouvernement hat de Leit eng Oportunité unique ginn, fir e Fouss bei den Aarsch ze kréien. An d'Leit hunn dovunner profitéiert, well se déi Regierung à temps ou à raisons net sympathesch fannen. An esou erkläert sech den enormen Prozentsaz. Ech sinn iwwerzeegt, datt keen do weider driwwer nogeduecht huet, wat an deene Froen do war. Et war fir ze soen "Neen". Et ass also en Désaveu politique gewiescht. A wann een den iPod opgemaach huet, stoung ëmmer do "Jo. Jo. Jo" stëmm "Jo. Jo. Jo". Wann een sech esou engagéiert, an et kritt een "Nee. Nee. Nee", da brauch ee keng laang Kommentaren ze maachen."

Extrait Gaston Vogel 1

Dëse Vote misst politesch Konsequenzen hunn, esou de Gaston Vogel.

"Wann ech elo Chef vun der Regierung wier, da géing ech mech schummen. Ech hunn eng gewësse Sympathie fir de Bettel, déi cachéieren ech net. Mä dat do ass en Désaveu, et ass eng Gifle, eng ganz staark Gifle, fir déi ganz Regierung. Gesitt der: Déi Gréng, déi degoûtéieren d'Leit mat hirer neier Relioun. Déi hunn dann an hirer Relioun den Tram stoen, den Dogma. An deene Leit ass och kee Charisma dran. "

Extrait Gaston Vogel 2

Wier de Gaston Vogel Regierungschef, kéint hien net op deem Poste bleiwen, seet en op alle Fall am RTL Interview.

Nieft de Leit, déi sech fir de "Jo" agesat hunn, gouf et verschidde Lëtzebuerger aus dem ëffentleche Liewen, déi fir den Nee agetruede sinn. Ee vun hinne war de Philosoph Paul Kremer, deen nom "Nee" vum Sonndeg zefridden ass.

Ech hat mer et net an deem doten Ausmooss erwaart. An ech mengen, datt et wéisst, datt eis politesch Klasse sech vum Vollek "abgehoben" huet. Et wëll d'Vollek beléieren an dat huet et net esou richteg fäerdeg bruecht, sou wéi si sech dat virgestallt haten.

Extrait Paul Kremer (1)

Den „Neen“ zur politescher Partizipatioun vun den Net-Lëtzebuerger wier iwwerdeems keen Ausdrock vu Xenophobie. Dat ass fir de Paul Kremer eng "Keule", déi een hëlt, wann een net méi wëll argumentéieren.

Extrait Paul Kremer (2)



Wou de Lëtzebuerger sensibel ass, ass bei der Sprooch. An déi sproochlech Realitéit zu Lëtzebuerg hätt bei der Referendumsfro Nummer 2 eng grouss Roll gespillt, mengt de Philosoph.

D'Leit wiere sech net géint d'Auslänner. Mir hunn näischt géint d'Auslänner, mä wann ee kuckt, wat d'Leit vun der Strooss gesot hunn an och déi Leit, déi ee selwer kennt, dann ass eppes ganz strikt an zwar datt si heiheem net méi hir eege Sprooch kënne schwätzen, wat si akafen oder bei den Dokter ginn, wa si den Auto gefléckt kréien, datt geet alles iwwer eng aner Sprooch. Meeschtens iwwer Franséisch, well Däitsch ass jo fir eis dat selwecht. An dat fochst d'Leit. 

Extrait Paul Kremer (3)



Récktrëttsfuerderunge stellt de Paul Kremer iwwregens keng
.

Hitparad vun de Gemengen

Och wann et keng riseg Ënnerscheeder gouf, hei déi Gemengen, déi am däitlechsten Nee respektiv am mannsten däitlech net Jo gesot hunn (a Prozenter ausgedréckt):

Fro 1: Wiele mat 16
- Meescht Jo-Stëmmen: Fëschbech mat 28,36% an domat och déi mannsten Nee-Stëmmen (71,64%).
- Meescht Nee-Stëmmen: Reisdorf mat 87,1% an domat och déi mannste Jo-Stëmmen (12,9%).

Fro 2: Awunnerwahlrecht / Auslännerwahlrecht
- Meescht Jo-Stëmmen: Lëtzebuerg mat 32,99% an domat och déi mannsten Nee-Stëmmen (67,01%).
- Meescht Nee-Stëmmen: Reisdorf mat 87,29% an domat och déi mannste Jo-Stëmmen (12,71%).

Fro 3: Limitatioun Ministeschmandater
- Meescht Jo-Stëmmen: Koplescht mat 37,11% an domat och déi mannsten Nee-Stëmmen (62,89%).
- Meescht Nee-Stëmmen: Wal mat 81,71% an domat och déi mannste Jo-Stëmmen (18,29%).

Meescht wäiss Ziedelen (no Prozenter):
1. Garnech: 2,6137 % - 27 Bulletinen
2. Schieren: 2,3143 % - 19 Bulletinen
3. Beefort: 1,9481 % - 18 Bulletinen

D'Wahlbedeelegung am ganze Land, mat der Bréifwahl, louch bei 94,6%.

Chronologie vum Sonndeg

D'ganzt Land huet op de 7. Juni gekuckt. A wéi d'Wahlbüroen um 14 Auer hir Dieren zougemaach hunn, hunn d'Leit op éischt Resultater gegammst. Déi meescht goungen zwar dovun aus, datt den Nee sech duerchsetze géing, dat haten d'Sondagë jo och schonn ugedeit, ma datt et esou massiv géing ginn, dat huet dann awer iwwerrascht - déi eng immens positiv, déi aner immens negativ.

Um 15.21 Auer war mat Ell déi 1. Gemeng komplett ausgezielt: Dräimol e ganz kloeren Nee! Virdru waren ewell 2 vu 34 Büroe vun Esch ausgezielt ginn an och hei war d'Tendenz kloer Nee!

Esch huet gewielt (07.06.2015)
E Stëmmungsbild aus dem gréissten Escher Walbüro.


An den Trend vum Nee sollt sech duerchzéien - eis Landkaart ass ëmmer méi rout ginn, bis um 18.30 Auer och mat Wëntger déi lescht Resultater virlouchen: Nee, Nee, Nee - iwwerall, an alle Gemengen, bei alle Froen. Néirens gouf och nëmmen eng Fro majoritär mat Jo beäntwert.



Communiqué (07.06.2015)

Le gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg prend acte des résultats du référendum sur des questions constitutionnelles.

Le 7 juin 2015 les Luxembourgeois se sont exprimés lors d’un référendum sur trois questions en vue de l’élaboration d’une nouvelle constitution. A l’issue d’un large débat public et après une campagne d’information très enrichissante pour la culture démocratique du pays, les électeurs se sont prononcés clairement sur les questions concernant l’octroi du droit de vote dès l’âge de seize ans, du droit de vote pour les résidents non-luxembourgeois et d’une limitation de deux mandats consécutifs des membres du gouvernement.

Les résultats sont très clairs avec une majorité des électeurs qui se sont exprimés contre les propositions en faveur d’une ouverture du droit de vote ainsi que sur une limitation de deux mandats pour les membres du gouvernement.

Le gouvernement prend acte des résultats et confirme que, conformément à ses déclarations antérieures, il respectera les choix exprimés. Le gouvernement estime que l’organisation même du référendum national marque un pas important dans le débat et la culture politiques du Luxembourg. La participation citoyenne active aux débats nous encourage à poursuivre notre démarche démocratique et inclusive. Le gouvernement confirme sa volonté de soumettre à référendum national le texte intégral de la future Constitution du pays au cours de l’année 2017.

Le gouvernement continuera les efforts en faveur de la participation politique des jeunes et de l’intégration des résidents non-luxembourgeois qui représentent environ 45% de la population.

Communiqué par le ministère d’État


Reaktiounen

Verständlech, datt esou e kloert Resultat, esou eng däitlech Ofso, fir déi ënnerschiddlechst Reaktiounen an Interpretatiounen an och scho Fuerderunge gesuergt huet.

Legitimitéit net ugegraff, sou e Politolog

Et ass eng Néierlag fir d’Parteien, mä d’Legitimitéit vun der Regierung ass net duerch dat ekrasant Resultat beim Referendum ugegraff, dat seet den Politik-Expert Jochen Zenthöfer. A gutt 3 Joer géif een op dee Punkt zeréck kommen, also bei den nächste Wahlen.

De Jochen Zenthöfer

Wat een e Sonndeg awer hätt kinne feststelle, ass datt et eng Decisioun vun engem normale Vollek géint wahrscheinlech eng Elite ass, déi sech haaptsächlech an der Haaptstad situéiert, mengt de Jochen Zenthöfer. Déi Elite, déi eben och aus Politiker besteet, hätt de Bezuch zu den normale Leit verluer, an hätt d’Ouer net do gehat, wou et néideg gewiescht wier.

Mir liewen nach zevill laanschteneen a net mateneen, seet de Politolog. Fir d’éischt misst een un där Situatioun eppes änneren, éier een an d’Verfassung an an d'Wahlrecht eppes verännere geet.

Poirier - Zenthöfer / Interview Nadine Gautier



Reaktioune vun de politesche Parteien

De Premier Xavier Bettel (DP) huet fir säin Deel vun engem gelongenen Exercice geschwat, well een erreecht hätt, wat een hätt wëllen erreechen: datt mateneen diskutéiert gëtt. De Staatsminister huet och preziséiert, datt et net ee Virum an een Nom Referendum gëtt, ma just eng Gesellschaft, ee Land.

De Xavier Bettel am Interview beim Nico Graf



Den LSAP-President Claude Haagen sot ganz kloer: "Mir hu verluer". Et géing bei dësem Vote wéineg schéin ze schwätze ginn an et misst een de Wielerwëllen um Enn natierlech respektéieren. Trotzdem wier de Referendum e gudden Exercice gewiescht an et wéilt een och an Zukunft de Bierger mat decidéiere loossen.

Reaktioun vum LSAP-President Claude Haagen



Den Alex Bodry huet missen agestoen: "De Bierger huet kloer tranchéiert a mir wäerten eis eent zu eent dorun halen". D'Zil ass et, esou den Alex Bodry, fir ee gréisst méigleche Konsens an der Populatioun fir déi nei Verfassung z'erreechen an et wier ee sech bewosst, datt dorun nach vill misst geschafft ginn.

Extrait Alex Bodry.



De François Bausch vu
n déi Gréng huet via Twitter matgedeelt: "Resultat respektéieren, d'Ängschten an d'Suerge vun der Bevëlkerung a Punkto Identitéitsverloscht analyséieren an Eescht huelen." Och de Christian Kmiotek schwätzt vun enger eventueller, diffuser Angscht, an Zukunft als Lëtzebuerger an d'Minoritéit ze geroden, déi een Eescht misst huelen. De Vote bei deem Referendum wier ganz kloer net esou ausgaangen, wéi si sech dat als Blo-Rout-Gréng-Regierung erwaart haten. Mä wéi si et vun Ufank u gesot hunn, géife si dat Resultat respektéieren, a missten et elo am Detail analyséieren an interpretéieren, sou de Justizminister Felix Braz.

Extrait Félix Braz



Grouss Enttäuschung ... (08.06.2015)
bei de Regierungsparteien déi wëllen d'Ursaachen kanaliséieren a Leieren zeien aus dem massiven Neen vu gëscht.


Ganz anescht war d'Stëmmung natierlech op Säite vun der CSV. Hei weist sech de Laurent Zeimet ganz zefridde mam Referendum a mam Verlaf vun dësem - fir Lëtzebuerg - "wichtegen Dag", op deem eng Majoritéit vun de Lëtzebuerger gewisen hätt, dass se op enger Linn mat de Virstellunge vun der CSV géif leien.

Extrait Claude Wiseler a Reaktioun Xavier Bettel.



De Laurent Mosar huet via Twitter gesot, Gambia hätt keng Trennung tëscht Kierch a Stad, ma tëschent Vollek a Regierung fäerdegbruecht. Michel Wolter a Marc Spautz sinn esou guer nach e Schrëtt méi wäit gaangen an hunn der aktueller Regierung méi oder manner direkt e Récktrëtt un d'Häerz geluecht.

Reaktioun Michel Wolter, Député-Maire vu Käerjeng



De Jean Schoos vun der ADR sot, eng Regierung, déi nach knapps 20% vun der Bevëlkerung hannert hiren Iddie kéint versammelen, déi misst sech froen, ob se nach richteg op der Plaz ass. D'Campagne vum Jo wier der ADR no extrem kontraproduktiv gewiescht, esou nach de Generalsekretär Alex Penning, d'Leit, déi fir den Nee waren, wieren diskreditéiert a verdommt ginn a se wieren an extrem Ecker gedréckt ginn. D'ADR ass der Iwwerzeegung, datt d'Relatioun tëschent Lëtzebuerger an Net-Lëtzebuerger awer kee Schued gelidden hätt. Déi wier ëmmer gutt gewiescht a se wier dat och weiderhin.

Extrait Alex Penning.



Bei deene Lénke weist sech de Serge Urbany sécherlech enttäuscht, ma virun allem awer iwwerrascht vun der Envergure vum Vote. Hie mengt awer och, datt sech d'Bierger an deem Vote e Stéck wäit géint d'Aart a Weis, wéi den Ament Politik am Land géing geféiert ginn, gewiert hunn. Wann et reng ëm d'Froe gaange wier, da wieren nämlech net déi selwecht Resultater bei deenen 3 Froen erauskomm. Déi Lénk an de Serge Urbany sinn iwwerdeems net der Meenung, datt d'Regierung misst zerécktrieden, an Zukunft misst d'Campagne allerdings anescht ugepaakt ginn, virun allem misst méi mat de Leit geschwat ginn.

Extrait Serge Urbany (1)



Extrait Serge Urbany (2)



Och de Sven Clement vun der Piratepartei ass iwwerrascht vun der Envergure vum Resultat. Dës Envergure erkläert hie sech virun allem duerch d'Aart a Weis, wéi d'Campagne vun de Regierungsparteie gefouert gi wier, nämlech vun uewen erof, wat ganz offensichtlech schlecht bei der Bevëlkerung ukomm wier. Dofir hätten si elo d'Rechnung kritt.

Reaktioun Sven Clement, Piratepartei



Den Ali Ruckert vun der KP stellt fest, dass d'Lëtzebuerger ganz kloer zum Ausdrock bruecht hätten, dass d'Nationalitéit am Wahlrecht fir si eng ganz wichteg Roll spillt, mengt awer och, datt de Vote zum Deel genotzt gouf, fir der Regierung op d'Fangeren ze klappen.

Reaktioun Ali Ruckert, KP



Gemeschte Reaktioune bei Jonken (08.06.2015)
Iwwer 80 Prozent sote Nee zum Wahlalter ab 16, ma wei gesinn di Jonk dëse Vote.


Reaktioune vun Nee2015.lu a Minte

D'Freed am Lager vun den Aktiviste fir den Nee, déi war natierlech grouss. D'Plattform Nee2015.lu huet gefeiert. De Fred Keup sot an enger éischter Reaktioun, dass si ëmmer gesot hätten, dass si déi politesch Mëtt géinge vertrieden an dat hätt sech an dësem Vote ganz kloer bestätegt - trotz enger ganz intensiver Campagne fir de Jo.  Dowéinst schwätzt hien och vun engem "immensen demokratesche Geste", dass d'Leit sech dovun net beaflosse gelooss hätten.

Extrait Fred Keup, Nee2015



nee2015.lu mécht weider (08.06.2015)
D'Plattform di sech beim Referendum fir den Nee agesat huet wëll weider maachen. D'Resultat vum Vote muss respektéiert ginn.


Bei der Plattform Migrations et Intégration (Minte), déi sech fir de Jo staark gemaach hat, war een natierlech enttäuscht vum Resultat. Et misst een de Vote selbstverständlech respektéieren, gläichzäiteg misst een awer weider no Léisunge sichen, fir e gutt Zesummeliewen tëscht Lëtzebuerger an auslännesche Matbierger ze garantéieren. Et bléif en demokrateschen Defizit bestoen, deen et an nächster Zäit weider ze bekämpfe gëllt.

Extrait Laura Zuccoli, Asti



Reaktiounen aus der Chambre de Commerce, vun der UEL a vun der CGFP

De Carlo Thelen, Generaldirekter vun der Chambre de Commerce, seet, et misst een elo mat klorem Kapp d’Resultater vum Referendum analyséieren. Hie perséinlech war fir de Jo a weist sech iwwerrascht vun der Envergure vum Resultat. Dofir géif et sécherlech Grënn ginn, déi een elo an enger Analys misst fannen. Et misst een elo kucken wei een Diskussiounen weiderféiere kéint, begruewe sollt een se awer op jidder Fall net.
Extrait Carlo Thelen, Chambre de Commerce.


Fir d'Awunnerwahlrecht war och d'UEL, den Daachverband vum Patronat. An engem Communiqué huet et geheescht, d'Resultat wier méi wéi kloer. Et hofft een, dass de Vote vun e Sonndeg net d'Enn vun der Debatt ass, mä den Ufank vun enger weiderer, fir den demokrateschen Defizit ze corrigéieren.

D'CGFP war vun Ufank u géint d'Auslännerwahlrecht a fillt sech an hirer Positioun duerch d'Resultat vum Referendum bestätegt, seet de Generalsekretär Romain Wolff. Ma och d'CGFP hätt net mat sou engem ecrasante Resultat gerechent.

Extrait Romain Wolff, CGFP



Reaktioun vun der Beweegung "Neiwahlen Lëtzebuerg"

D'Beweegung "Neiwahlen Lëtzebuerg" war am Kader vum Spuerpak an d'Liewe geruff ginn an hat virum Referendum fir een dräifachen "Nee" plädéiert. Nom däitleche Verdikt vun e Sonndeg féiert fir ee vun den Initiateuren, den Daniel Rinck, kee Weë méi laanscht en neien Urne-Gank.

Mam Referendum hätt een d'Land gespléckt, seet den Daniel Rinck. An eng Regierung, déi - obschonns et genuch Warnunge gouf -  dëse Risiko ageet, hätt et net verdéngt, d'Land ze féieren.

Wéi geet et elo virun?

An den nächsten Deeg wëllen déi eenzel Parteien an d'Parlament d'Wahlresultater am Detail analyséieren. Den Ausgang vum Referendum ass och scho en Dënschdeg een Thema an der Chamber. Direkt no der Debatt iwwert den Artuso-Rapport beschäftege sech Deputéierten da mam Referendum.

Éischt Reaktiounen a soziale Reseauen (07.06.2015)
Scho virun der Campagne gouf an de soziale Reseauen diskutéiert. Eng kleng Auswiel u Reaktiounen.



Liveticker Alles uweisen


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.