Den Nicola Otton soll d'Nofolleg vun der Béatrice Belorgey untrieden, déi Enn des Joers an d'Pensioun geet.

Wiessel un der Spëtzt vum Grupp BNP Paribas zu Lëtzebuerg. Den Nicolas Otton gouf zum neie President vum Exekutiv-Comité vu BGL BNP Paribas an zum Responsabel vum Grupp BNP Paribas zu Lëtzebuerg ernannt. Hien trëtt domat d'Nofolleg un vun der Béatrice Belorgey un, déi Enn des Joers an d'Pensioun geet. Den Nicolas Otton, deen aktuell Direkter vu BNP Paribas Banque Privée a Frankräich ass, iwwerhëlt vum éischte Januar 2026 un. Virausgesat, hiee kritt de Feu Vert vun den zoustännege Autoritéiten.