Un de Reduktiounsziler däerf net gefréckelt ginn, seet d'Plattform "Votum Klima" en vue vun der Weltklimakonferenz zu Belém a Brasilien.

Votum Klima virun der COP30

Mat Bléck op d'Lëtzebuerger Regierung verlaangen déi 15 Organisatioune méi eng staark finanziell Contributioun. D'Länner aus dem globalen Norde misste vis-à-vis vun deenen aus dem Süde Responsabilitéit iwwerhuelen, Stéchwuert "fairshare", sou de Raymond Klein vun der "Action Solidarité Tiers Monde". Déi weltwäit Besoine leien der Plattform "Votum Klima" no bei 1,3 Billiounen Dollar pro Joer.

"Fir Lëtzebuerg wieren dat 600 Milliounen Dollar am Joer. Dat ass also e gutt Stéck méi wéi dat, wat am Moment, déi Zuelen, déi am Moment vum Ministère zirkuléieren, dat ass éischter bei 60 Milliounen. Dat heescht zéng mol manner."
 
Wichteg Sujeten op der COP30 ginn nieft de Finanzen och d'Biodiversitéit oder nach de Respekt vis-à-vis vun den heemesche Bevëlkerungen.
 
De globale Kontext ass fir Klimaaktiviste am Moment net evident, eleng mat Bléck op d'US-Politik. Virun allem gëtt deemno gehofft, datt d'Acquisen net a Fro gestallt ginn.

Et wier den A an O, datt d'Zieler vu Paräis respektéiert ginn, also d'Limitéierung vun der Erwiermung op annerhallwe Grad, sou "Votum Klima". Datt Lëtzebuerg bei der Reduktioun vun den Emissiounen keen all ze schlechte Schüler ass, dat wier ze relativéieren, deemno wéi eng Perspektiv een anhëlt, sou d'Esmeralda Wirtz vun Amnesty International.
 
"Also déi Emissiounen ziele just, wat een an deem Land produzéiert, net de Konsum. An zu Lëtzebuerg konsuméiert ee ganz vill Saachen, déi aus dem Ausland kommen."
 
Eng Klimakonferenz mëtten am Amazonas gëllt als symbolesch, allerdéngs steet de Choix fir d'Stad Belém och an der Kritik, ënner anerem well d'Infrastrukture fir sou en Evenement net adequat sinn a well zum Beispill zwee Croisièresschëffer gelount musse ginn, fir genuch Zëmmeren ze hu fir d'Gäscht.

Fir d'Plattform "Votum Klima" ass et awer wichteg, datt d'Zivilgesellschaft op der Plaz present ass, sou d'Altynaï Bidaubayle vu Greenpeace
 
"Évidemment, on a aussi conscience qu'en tant que personnes issues de pays occidentaux, c'est un privilège d'aller là-bas. Et c'est pour ça qu 'on essaye de faire en sorte que ça soit le plus utile possible et de maximiser nos messages sur la justice climatique. Je pense que c'est important de les suivre jusqu'aux couloirs des négociations."
 
Fir "Votum Klima" deplacéiere sech zwee Leit a Brasilien: de Raymond Klein an den David Hoffmann.