136 Leit hu vun enger Spuer-Primm fir eng Wunneng profitéiert
© RTL
Tëschent 2022 an Enn September vun dësem Joer hunn 136 Persoune vun der sougenannter Spuer-Primm fir eng Wunneng profitéiert.
Dat äntwert de Logementsministère op eng parlamentaresch Fro vun den LSAP-Deputéierte Mars di Bartolomeo an Yves Cruchten. Déi wollten ënnert anere vum zoustännege Minister wëssen, ob déi Mesure net misst méi zougänglech gemaach ginn fir déi, déi kéinten dovunner profitéieren.
Wéi den DP-Minister Meisch präziséiert, wieren am Laf vum leschte Joer Adaptatiounen un där Mesure gemaach ginn duerch d'Reform vun den individuellen Aiden am Logement. D'Method, fir d'Primm ze rechnen, wier vereinfacht ginn a méi transparent gemaach ginn. Well deen neie Reche-System zejoert nach net prett war, wieren déi Primmen eréischt dëst Joer ausbezuelt ginn.