Se breet sech séier aus an een Enn ass net a Siicht: d'Vullegripp.

Bei eisen däitschen Noperen hu schonn iwwer 500.000 Hinger, Inten oder Gänse missen doutgemaach ginn .De Virus, deen héich ustiechend ass, gëtt vu wëlle Vigel iwwerdroen, vill Krukerte sinn dëst Joer betraff an d'Krankheet geet dann och gären op Ställ mat Gefligel iwwer.

Bis ewell goufen hei am Land nëmme vereenzelt Fäll bei Zuchvigel gemellt. D'Veterinärs- a Liewensmëttelverwaltung Alva huet Moossnamen ergraff fir z'evitéiren, dass de Virus sech op Haus-Gefligel ausbreet. Leit, déi dacks an enkem Kontakt mat dëser Zorte vun Déiere sinn, solle sech awer géint déi normal Grippe impfe loossen, réit d'Santé. Mee wéi héich ass de Risk iwwerhaapt fir de Mënsch?
 
Virop sief gesot, dass eng Infektioun vun der Vullegripp beim Mënsch immens rar ass, mee eben net onméiglech. Mee wéi kann eng normal Grippeimpfung hëllefen? De Professer Dokter Claude Müller ass Virolog an erkläert, dass eng Duebel-Infektioun beim Mënsch soll verhënnert ginn. Gemengt ass domadder, dass eng  Persoun, déi d’Influenza huet, sech och mat der Vullegripp kéint ustiechen. Doduerch kéint dann en neie Virus entstoen, dee sech eventuell éischter vu Mënsch zu Mënsch kéint weiderverbreeden. Fir d'Vullegripp ass dat nämlech aktuell net de Fall.

Ma och wann d'Warscheinlechkeet vun esou enger Duebel-Infektioun geréng ass, wéilt een op Nummer sécher goen. Dowéinst och d'Impf-Recommandatioun vun der Santé, betount d’Doktesch Anne Vergison, Chef de division inspection sanitaire.
 
Beim Konsum vu Gefligel-Fleesch oder Eeër bräicht ee sech keng Suergen ze maachen. Réi Eeër sollt een awer am beschten evitéieren.

Zu Lëtzebuerg ass de Virus bis ewell just bei wëllen Déieren, wéi Hoergänsen an engem Reier, detektéiert ginn. Haus-Gefligel gëtt ënnert anerem mat enger Stall-Flicht geschützt. Fräiland-Hénger sinn dofir grad keng dobaussen ze gesinn. Mee wat bedeit d'Verbreedung vun der Vullegripp da fir déi allgemeng Gesellschaft? De Virolog Professer Dokter Claude Müller seet, et géing sech fir d’Leit u sech näischt änneren. Wann ee vill an der Natur ass an e krankt oder doudegt Déier gesäit, soll een dat op kee Fall upaken an onbedéngt mellen.
 
Well nëmme wann d'Fäll gemellt ginn, kann een d'Situatioun am A behalen an d'Haus-Gefligel ka weider geschützt ginn.