Parquet freet Geldstrof vun 2.000 Euro géint de Jean Billa
© RTL
Am Appellprozess géint de suspendéierten Direkter vum Clierfer Lycée Jean Billa huet de Parquet e Méindeg eng Geldstrof vun 2.000 Euro gefrot.
Dat wéinst illegalem Waffebesëtz. Am Januar hat d’Geriicht zu Dikrech eng Suspension du prononcé accordéiert. Wat bedeit hätt, datt et weder zu enger Strof, nach eng Inscriptioun an de Casier kënnt, wann de Jean Billa sech näischt méi zu Scholde komme léisst. Dogéint war de Parquet vun Dikrech an Appell gaangen.
Bei Perquisitiounen am Clierfer Lycée hat d’Police e Butterfly-Messer an engem Schaf fonnt, wat méiglecherweis engem Schüler ofgeholl gouf. Bei Perquisitiounen doheem goufen eng Rei Gewierer fonnt, déi den Ugeklote vu senger verstuerwener Mamm geierft hat, mee net ugemellt hat. Dobäi hat de Jean Billa selwer e Waffeschäin.
Hien hätt d'Gewierer och wëllen um kuerzen Déngschtwee entsuergen, bei Polizisten, déi a seng Fotoscoursen fir Tatort-Fotografie komm sinn. Ma de leschte Cours virun de Perquisitioune wier ofgesot ginn.
Hien hätt do e Feeler gemaach, esou de Jean Billa e Méindegnomëtteg viru Geriicht. Vum Messer am Schaf an der Schoul hätt hien näischt gewosst, huet säin Affekot gesot. Dat hätt wuel säi Virgänger dra geluecht, vun deem hien de Büro eréischt iwwerholl hat.
"Ech hunn d’Gefill, datt mäi Client hei ëffentlech zimmlech geschleeft gëtt", esou den Affekot. Esou guer an der Caritas-Affär wier manner Opwand gewiescht.
De Parquet huet déi Argumenter net gëlle gelooss. Fir d’Eltere vun de Schüler wier et "net erbaulech" ze wëssen, datt an der Schoul esou eng Waff géing leien. Vue, datt de Jean Billa selwer e Waffepermis hat, hätt hien och d’Demarchë kannt, fir Waffen unzemellen. Ma dat hätt hien mat de geierfte Gewierer net gemaach.
Bei de Perquisitiounen hat d’Police, no enger Denonciatioun vum Educatiounsministère am Fong no Droge gesicht. Op Nofro beim Parquet heescht et, dës Enquête wier ofgeschloss an d’Virwërf net zréckbehale ginn. Den Educatiounsministère hat eng zweet Denonciatioun wéinst Verontreiung vun ëffentleche Gelder gemaach. Dësen Dossier wier nach beim Untersuchungsriichter.
D’Urteel am Appellsprozess gëtt den 3. Dezember geschwat.