Ee verloossent Schlass an der Gemeng Réimech ass an de leschte Joren e beléift Zil vun der sougenannter Urbex-Communautéit ginn.

Dat si Persounen, déi verloosse Sitte besichen, dacks och Plazen, wou ee guer net eran dierf. Duerch déi vill ongebiede Visiteuren ass iwwer déi lescht Jore grousse Schued um Gebai op der Musel entstanen, dat Rumeuren no engem Scheich soll gehéieren.

De Florian Hodebourg, Immobilienagent a passionéiert vun Urbex, hëlt eis mat an dat verloossent Schlass. Virun e puer Méint ass hien op déi mysteriéis Proprietéit op der Musel gestouss. Et zirkuléieren e sëllege Legenden iwwer dat herrschaftlecht Gemaier. D'Schlass vu Buschland gouf 1889 vun der Lëtzebuerger Industrielle-Famill Brasseur gebaut. An der Urbex-Communautéit awer, ass et besser bekannt ënnert dem Numm "Schlass Arabia".

"Ech hunn héieren, et wier zanter gutt 10 Joer verlooss an datt et enger Famill aus engem arabesche Land gehéiert hätt." Dofir den Numm "Schlass Arabia". Et ginn awer och Rumeuren, et géif engem Member vun der kinneklecher Famill aus dem Marokko gehéieren oder engem aus dem Pëtrol-Business.  

Schlass ass 2020 an de soziale Medie viral gaangen

Mam Schlass geet et biergof, zanter 2020 e Video vun engem däitsche Youtuber an de soziale Medie viral gaangen ass. D’Biller an d’Informatiounen iwwer déi verloosse Proprietéit zéien net just Virwëtzeger an d'Urbex-Communautéit un, mee och Leit, déi squatte kommen. Den Zoustand vum Schlass degradéiert sech ëmmer méi. Récksiichtslos an ongebiede Visiteure maache villes futti an onkenntlech. 2016 huet de Lucio Baiocchi d'Nopeschhaus kaf. Deemools hätt hien d’Proprietäre kennegeléiert. Si hätten hien op en Téi invitéiert. Wéi de Covid ausgebrach ass, wiere si dunn net méi komm. Leit wäre squatte komm. Op Fotoen, déi de Lucio Baiocchi geschéckt huet, hätten d’Besëtzer net reagéiert. Wéi et schéngt, géif et en Ierfschafts-Sträit ginn.

Ouni Accord vun de Proprietären ass näischt ze maachen 

Op der Gemeng ass de Problem bekannt, ma de Buergermeeschter kann näischt maachen. Eng Renovatioun wär dréngend néideg fir dëst a sengen Ae schützenswäert Gebai ze erhalen, seet de Jacques Sitz. Mee ouni den Accord vum Proprietär wier näischt ze maachen. "Ech weess vu Leit, déi hei zu Réimech geschafft hunn, dass de Scheich nach virun 2000 selwer mat sengem Harem reegelméisseg hei op Réimech op Besuch komm ass", erzielt de Buergermeeschter. Hien hätt viru 4 Joer och probéiert, Kontakt mat den Ierwen opzehuelen. Mee op seng Propos fir eng Kéier mateneen ze telefonéieren, hätt hien ni eng Äntwert kritt. Zanter dem Tournage ass op d'mannst e bëssi eppes geschitt. Gittere goufe virun d'Fënsteren um Rez-de-chaussée installéiert. Et schéngt, wéi wann de Proprietär sech nees abrénge wéilt.

Dësen Artikel ass fir d'éischt bei eise Kolleege vun RTL Infos publizéiert ginn. Dir fannt en hei.