Am Ganzen huet d'Gebai bei der Areler Strooss 5 Stäck. Um drëtten a véierte Stack stinn 52 Better zu Verfügung, dorënner 36 Eebettzëmmer.

An deene gëtt et och eng Schlofméiglechkeet fir de Partner. Am Ganze kommen do an Zukunft 6 Accouchementssäll an den Asaz. De 15. August ass déi nei Maternité operationell.

A Präsenz vun der groussherzoglecher Koppel gouf d'Maternité, déi am Ganze 54,5 Milliounen Euro kascht huet, en Dënschdeg offiziell ageweit. Bis zu 2'500 Gebuerten d'Joer kënnen an der neier Maternité assuréiert ginn.

RTL

Nei ass z.B. eng Passerelle tëscht der Kannerklinik an der neier Maternité, wouduerch d'Weeër fir d'Personal méi kuerz ginn, an et leet een domatter den Accent op e "Centre mère-enfant".

Och de ganze Service mammographie kann hei ugebuede ginn.

Dëse Sonndeg kann een am Kader vun enger Porte Ouverte vu moies 10 bis owes 17.30 Auer e Bléck an d'Maternité Grande-Duchesse Charlotte geheien.