Prezisiounen zur Pensiounsreform

© René Pfeiffer - rtl.lu
Am Kader vun der Pensiounsreform plangt d'Regierung en Abbattement fiscal an eng Retraite progressive. Mir hunn eis déi zwou Mesure méi genee ugekuckt.
Zu de Mesuren, déi d’Regierung e Mëttwoch annoncéiert huet, fir de Pensiounssystem ze reforméieren, gehéiert en Abattement fiscal fir Leit, déi kéinten eng Fréirent huelen, mee fräiwëlleg méi laang schaffe ginn.
Dëst ass eng vun de Mesuren, fir de reelle Rentenalter méi no un de gesetzleche Rentenalter vu 65 Joer erunzeféieren. Vun dësem Abattement fiscal, dee 750 Euro de Mount ausmaache soll, solle Leit mat niddregem Akommes proportionell am meeschte profitéiere kënnen. Fir Leit mat engem Joresakommes vu 40.000 Euro géif dëst an der Steierklass 1 bedeiten, datt se ronn 2.200 Euro manner Steiere pro Joer bezuelen. Respektiv ronn 1.600 an 900 Euro an de Steierklassen 1a an 2.
Steieren, déi eng Persoun manner ze bezuelen huet:
Besteierbaart Akommes | Steierklass 1 | Steierklass 1a | Steierklass 2 |
40.000 Euro | 2.198 Euro | 1.631 Euro | 928 Euro |
100.000 Euro | 3.756 Euro | 3.756 Euro | 3.223 Euro |
150.000 Euro | 3.852 Euro | 3.852 Euro | 3.756 Euro |
*Quell: Finanzministère
D’Regierung huet jo och Wëlles, eng Retraite progressive anzeféieren, alt nees mam Objektiv, Leit méi laang an der Aarbecht ze halen, déi schonn en Urecht hätten a Pensioun ze goen. Deemno soll et zum Beispill ginn, nach hallef schaffen ze goen an eng hallef an d'Pensioun ze goen, ouni dofir finanziell bestrooft ze ginn. An deem Zenario kann een och vum Abattement fiscal profitéieren, erkläert d’Sozialversécherungsministerin Martine Deprez op Nofro. Si ass zouversiichtlech, datt déi entspriechend Gesetzer fir d’Reforme vum Pensiounssystem zur Zäit duerch d’Chamber an de Staatsrot ginn, fir datt se op den 1. Januar 2026 kënnen a Kraaft trieden:
“A mir fänke jo och eréischt haut u mat den Texter ze schreiwen. Mee mir wousste jo schonn ongeféier, op wat et géif erauslafen, zënter datt mer amgaang sinn ze consultéieren. An duerfir denken ech, ech sinn zouversiichtlech, datt mer alles en place hunn den 1. Januar '26.”