Bei enger Kontroll op der A4 um Donneschdegmoien huet d'Police 38 Infraktioune vum Code de la route festgestallt a sëllege Protokoller ausgestallt.

Ënnert anerem kruten 15 Motosfuerer e Protokoll wéinst geféierlechem Iwwerhuelen, dräi weiderer kruten ee wéinst net-homologéiertem Viséier um Helm. Ee Moto gouf op der Plaz saiséiert nodeems festgestallt gouf, dat de Chauffeur kee gültege Fürerschäin hat.

Dräi Autoschauffere goufen iwwerdeems protokolléiert wéinst net-regulären Auspuffen, bei zwee weidere goufe Problemer mat de Pneue festgestallt. Insgesamt fënnef Protokoller gouf et da wéinst Benotzung vum Handy hannert dem Steier. Wéi d'Police schreift, goufen et och sëllege Verwarnunge wéinst Pobeieren, déi net an der Rei waren.