Luc Frieden: Lëtzebuerg "muss virugoen"
"Mir verschafen eis e bësse Sputt", sot de Luc Frieden iwwert déi geplangten Ännerungen bei de Pensiounen, déi zanter e Mëttwoch bekannt sinn.
"Et ass eise Wonsch, d'Texter fir d'Pensiounsreform an den nächste Wochen am Regierungsrot ze hunn a se bis Enn des Joers duerch d'Chamber ze kréien, esou de Premier weider um Donneschdeg den Owend am Journal op der Tëlee.
D'Regierung huet jo e Mëttwoch no der drëtter Sozialronn ënnert anerem bekannt ginn, datt d'Liewensaarbechtszäit an deenen nächste 5 Joer no an no ëm 8 Méint an d'Luucht geet an d'nächst Joer soll schonn deen éischte Mount dobäi kommen.
De Regierungschef huet ze verstoe ginn, datt déi Mesuren, déi elo um Dësch leien, d'Resultat vum Widderstand sinn, deen et jo an de leschte Wochen a Méint gouf.
"Jo dat hei ass net déi grouss ambitionéiert Revolutioun vun de Pensiounen, déi vläicht verschiddener sech gewënscht haten. Mir wiere selwer als Regierung och méi wäit gaangen, mä eebe just d'Regierung huet nogelauschtert. Ech mengen, et gouf e grousse Widderstand zu verschiddene Propositiounen, dofir si mer awer frou, datt mer e Schratt viru komm sinn. Mir maachen eng Verlängerung vun de Cotisatiounsjoren, mir maachen eng liicht Hausse vun de Cotisatiounen, domadder gëtt de System méi staark gemaach an ech menge schonn, datt mer eise System all Legislaturperiod mussen iwwerkucken."
Deemno misste bis den 1. Januar, also a manner wéi 4 Méint, déi entspriechend Texter geschriwwen, vum Staatsrot aviséiert a vun der Chamber gestëmmt sinn. Dat ass ambitiéis, mä de Premier Luc Frieden ënnersträicht, et misst ee sech Ziler setzen. Hie wier dovunner iwwerzeegt, datt dat bis Enn Dezember iwwert d'Bün wier. D'Texter wieren net esou komplizéiert ze schreiwen.
"Mir ginn da sou séier wéi méiglech mat deenen Texter an d'Chamber an ech sinn dovunner iwwerzeegt, datt mer dat och bis den Dezember iwwert d'Bün hunn, well d'Land muss viru goen. Et komme vill aner Sujeten an ech mengen, et ass wichteg, datt een an enger Demokratie och diskutéiert. Dda muss een decidéieren an da muss een dat am legislative Prozess - jo do gëtt et och Diskussiounen - ëmsetzen. Mir mussen eis Ziler ginn, well ronderëm eis bougéiert d'Welt ganz séier a mir kënnen net stoebleiwen."