Trickdéif an der Stad
Affer no Zigarett gefrot, op d'Broscht geklappt a Kette geklaut

D'Police krut en Donneschdeg en Trickdéifstall an der Stad gemellt. Deemno gouf d'Affer vun engem Mann no enger Zigarett gefrot a krut d'Kette geklaut.
Méi genee koum et op der Héicht vum Boulevard de la Fraternité an der Rue Félix de Blochausen zum Déifstall. Deemno wier d'Affer vum Mann ugeschwat an no enger Zigarett gefrot ginn. Wéi de Mann d'Zigarett krut, huet hien dem Affer op d'Broscht geklappt an ass fort gaangen. Méi spéit huet d'Affer bemierkt, datt seng Ketten net méi do war.
D'Police huet Ermëttlungen ageleet.
Am meeschte gelies