D'Carole Müller vun der Luxembourg Confederation reagéiert op déi 3. Sozialronn

© Archivbild
D'Presidentin vum Patronatsverband am Commerce gesäit an den Ännerunge bei der Sonndesaarbecht keng Vereinfachung fir déi mëttelgrouss Betriber.
"Et ass sécher net dat, wat mir eis erhofft oder erwënscht hunn, mee elo hu mer en neie Kader mat deem, wou mer dann an Zukunft wäerte schaffen." Esou reagéiert d’Presidentin vun der Luxembourg Confederation, Carole Müller, op d’Ännerungen an de Gesetzestexter vun der Sonndesaarbecht a vun den Ouvertureszäiten am Handel, no der Sozialronn e Mëttwoch.
Bei der Sonndesaarbecht proposéiert d’Regierung, se vu véier op aacht Stonnen eropzesetzen, wann dat am Kader vun engem Kollektivvertrag oder engem Accord interprofessionnel verhandelt gëtt. Betriber mat maximal 30 Mataarbechter sinn net un déi Konditioune gebonnen, fir sonndes méi laang kënnen ze schaffen.
"Ech menge wat eis natierlech stéiert, dat ass d'Sonndesaarbecht do vu véier op aacht. Do war am Koalitiounsaccord festgehale ginn, dass dat ouni Gréisst vun Entreprisë wär. Do ass natierlech elo eng Gréisst vun 30 Employéen dra gesat. Dat hëlleft natierlech deene klengen, mee de mëttelgrousse Betriber, fir déi ass dat keng Vereinfachung."
Positiv wier awer, datt een elo am Handel eng juristesch Sécherheet respektiv e Kader, hätt, esou datt net all Kéier missten Derogatiounen ugefrot ginn, fënnt d'Presidentin vum Patronatsverband.