De Mouvement écologique huet d'Regierung op en Neits schaarf kritiséiert, beim nationale Klimazil nozeloossen an domat d'Transitioun a Gefor ze bréngen.

De Mouvement écologique seet sech an engem Schreiwes op en Neits onzefridden iwwer d’Klimapolitik vun der CSV-DP-Regierung, dat no rezenten Aussoe vum Ëmweltministère bei de Kolleege vum radio 100,7 iwwer den nationale Klimabilan. Do war et ënnert anerem d’Ausso, datt d’Ziler fir CO2 anzespueren fir verschidde Secteuren ze ambitiéis wieren.

Mouvement ecologique iwwer Klima-Politik / Reportage Marlène Clement

Dat léist de Mouveco awer net gëllen. Bis 2030 sollen d’Zäregasemissiounen am Grand-Duché ëm 55 Prozent reduzéiert ginn am Verglach mat 2005. Déi Ziler elo a Fro ze stelle wier problematesch, fënnt de Marc Krier vum Mouvement écologique: "D'Ziler baséieren och op enger wëssenschaftlecher Analys. Dat heescht, et ass dat wat eis géif erméiglechen, dat 1,5-Grad-Zil vum Paräisser Klimaofkommes nach anhalen ze kënnen."

Lëtzebuerg huet seng Ziler a punkto Zäregas-Reduktioun zejoert zwar effektiv erreecht an dat fir d’fënneft Joer hannerteneen, wéi den zoustännege Ministère Ugangs August bei der Publikatioun vum provisoresche Bilan ënnerstrach huet.

Dat wier awer just global gekuckt, betount d’Ëmweltorganisatioun. Am Transportsecteur zum Beispill steet ee relativ gutt do, mat zejoert Ronn 11 Prozent manner CO2-Emissiounen, ewéi virgesi waren. Anescht gesäit et awer bei de klengen a mëttelgroussen Industriebetriber aus, wou een 38 Prozent iwwer dem Grenzwäert läit.

"Bis 2030 missten do 65 Prozent vun den Emissiounen nach gespuert ginn, dat ass a véier an engem hallwe Joer. Dat ass quasi bal net méi ze erreechen, mee wann een dat dann opléist, da vermëttelt ee wierklech dat falscht Signal a seet: 'dir braucht och net méi esou vill ze maachen, well mir maachen dat elo an engem anere Beräich', an dat ass ee Problem", sou de Marc Krier.

Doduerch, datt een déi festgeluechten Ziler ëmmer nees géing a Fro stellen an änneren, géing d'CO2-Reduktioun verzögert ginn, kritiséiert de Marc Krier weider: "Dat heescht: déi néideg Ännerungen oder Innovatioune ginn net gemaach, dat gëtt verschleeft, an da steet een do 2030 mat engem Transportsecteur, dee vläicht ganz gutt ass, mee mir hu strukturell Ännerungen an anere Beräicher verschleeft oder verträntelt an dat ass einfach eppes, wat een net ka maachen am Sënn vun enger gelongener Transitioun fir eis Gesellschaft a fir d’Zukunft."

Et dierft een deemno net nach laang diskutéieren, d’Regierung misst handelen an de Klimaschutz misst an alle Secteure Prioritéit ginn, fuerdert de Mouvement écologique.