D'Oppositioun weist sech wéineg zefridden no der drëtter Sozialronn

© Jeannot Ries / RTL
En Donneschdegmëtteg huet d'Regierung d'Deputéiert an de Chamberkommissiounen iwwert d'Konklusioune vun de Sozialronnen informéiert.
Direkt 6 Ministere waren dofir um Krautmaart. De Premier Luc Frieden hat nieft dem Vizepremier Xavier Bettel och d’Sozialministesch Martine Deprez, de Finanzminister Gilles Roth, den Aarbechtsminister Georges Mischo an de Wirtschaftsminister Lex Delles derbäi.
No der Reunioun huet den CSV-Fraktiounspresident Marc Spautz um RTL-Mikro bedauert, datt keen Accord tëscht de Sozialpartner zustane komm ass. D’Welten an d’Vuë wiere vill ze wäit ausernee gewiescht. Déi grouss Verhandlungspaus hätt sécherlech net gehollef:
"Ech mengen, dass ee vun de Problemer, dee war, dass en ze grousst Lach war tëschent der leschter Reunioun, déi am Juli war an där, déi elo ass. Ech mengen, dass do vläicht e Problem entstanen ass. A wa meng Informatioune richteg sinn, war dat awer net de Problem vum Premierminister, mee do waren déi Problemer op enger anerer Säit, dass wann een do vläicht direkt hätt kënne weiderverhandelen an net esou eng laang Interruptioun gehat hätt, dass een da vläicht hätt kënnen zu engem Accord kommen."
De Marc Spautz begréisst déi proposéiert Adaptatioune bei der erweiderter Sonndesaarbecht, déi hien an der Vergaangenheet jo ëmmer rëm kritiséiert huet. Dem fréiere Gewerkschaftler wier et awer léiwer gewiescht, d’Betriber hätte scho vu 15 Mataarbechter u missen déi 8 Stonne Sonndesaarbecht via Kollektivvertrag reegelen. D’Regierung huet e Mëttwoch 30 Leit proposéiert. Et wier op alle Fall lo endlech un der Zäit, fir weiderzekommen, a sech op aner Dossiere konzentréieren ze kënnen.
De Premier selwer hat jo no den dräi Verhandlungsronnen, déi am Ganze 40 Stonne gedauert hunn, vu konstruktiven Diskussioune geschwat, an deenen ee sech an enger Rei Diskussioune méi no komm wier. D'Land misst virugoen, well et géifen nach vill aner Sujete kommen an et misst ee sech Ziler setzen, well d'Welt ronderëm eis ganz séier bougéiert. Lëtzebuerg kéint do net einfach stoe bleiwen.
Bei der Oppositioun gesäit een dat däitlech méi negativ. Fir d'Sam Tanson vun deene Grénge schwätzt d'Regierung sech d'Situatioun schéint:
"Ech hunn d'Impressioun, d'Regierung wier an enger anerer Reunioun gewiescht wéi d'Sozialpartner, well hei gëtt sech awer eng Situatioun schéi geriet, wat de Sozialdialog zu Lëtzebuerg ubelaangt. Mir hu vill Reaktiounen haut héiere vun, souwuel vum Patronat wéi vun de Gewerkschaften, wou drop hindeiten, dass mer an enger ganz schwiereger Situatioun weiderhi sinn, dass de Sozialdialog definitiv eng zolidd Téitsch huet."
Et wier der grénger Deputéiert no ee grave Problem, wann d'Gewerkschafte vun engem Echec schwätzen. D'Regierung géif dee verkennen.
Iwwerhaapt net zefridde mat deem, wat no der drëtter Ronn tëscht der Regierung an de Sozialpartner e Mëttwoch festgehale gouf, sinn och déi Lénk. De Marc Baum gesäit den Doud vum Lëtzebuerger Modell kommen:
"Ben, et si batter Konklusiounen. Ech mengen, et ass kee gudden Dag fir eist Land gewiescht, dat wat gëschter geschitt ass. D'Regierung huet quasi de Lëtzebuerger Modell, deen op der Tripartite berout huet, zu Graf gedroen. Se si moies mat de Konklusiounen eigentlech dohinner gaangen, waren net méi diskussiounsbereet an dat bedeit, datt elo aner Zäiten hei zu Lëtzebuerg ulauden. Datt et net méi drëm geet, de gréisstméigleche gemeinsamen Nenner ze fannen, Kompromësser ze fannen, mee datt elo géintenee geschafft gëtt. An dat ass net gutt fir d'sozial Entwécklung vun eisem Land."
D’Carole Hartmann vun der DP hält dogéint. Si, déi virdru Mol vun engem Malaise geschwat hat, am Sozialdialog zu dräi, ass der Meenung, datt deen no den dräi Sozialronnen nees neien Elan kritt huet:
"Dass d'Regierung trotzdeem probéiert huet, en Equiliber ze fannen tëschent deene Positioune vun de Sozialpartner, an dass et awer mat deene Propositiounen, déi elo um Dësch leien, zu Propositioune kënnt, déi souwuel där enger Säit wéi där anerer Säit Rechnung droen. Dat heescht, fir mech si mer net an engem Echec, wéi ech et elo grad vun anerer Säit héieren hunn, mee schonn en Nolauschteren an och e Konkluéieren, wat an d'Richtung vu béide Partner geet. Dass et hei net zu engem Accord komm ass op verschiddene Punkten, dat kann een duerchaus bedaueren. Et ass ëmmer besser aus dem Sozialdialog mat engem Accord erauszegoen."
Méi verséinlech Téin goufen et iwwerdeems vun der Adr. De Fred Keup sot, et géing een der Regierung hir Bereetschaft, bei de Pensiounen ze handelen, begréissen. Et wier een net mat all Detail d’accord, mä et misst een definitiv eppes maachen. An deem Sënn wier et gutt, dass géif matenee geschwat ginn:
"Ech sinn elo einfach emol eng Kéier de contraire vu populistesch an ech soen: 'mir brauchen eng Verantwortungspolitik fir d'Zukunft vun eisem Land.' An dat heescht, dass mer natierlech eppes musse maachen, fir de Pensiounssystem ze garantéieren. An do komme mer net derlaanscht fir d'Kotisatiounsjore lues a lues eropzesetzen an och d'Kotisatioune lues a lues eropzesetzen. Ech mengen, dat ass dee Wee, dee mir uginn hunn an deen d'Regierung och elo an engem gewëssenen Deel mécht. Mir sinn jo dann net an all Detail dermat d'accord. Mee ech menge schonn, dass et am Gros esou ass, dass mer net kënnen näischt maachen."