Mëllech gouf ausgeschott, Eeër sinn op Poliziste geflunn
D'Police hat probéiert, datt nach ze verhënneren. Ma awer sinn déi 12.000 Liter Mëllech gefloss an Eeër si geflunn, éier d'Baueren Heem gefuer sinn.
Während déi europäesche Landwirtschaftsministeren de ganze Mëtteg diskutéiert hunn, wor dobaussen op der Place de l'Europe eng méi lass. Eng Ronn 200 Baueren hunn op d'Resultater vun der Konferenz gewaart an hirem Frust schonn am Virfeld mat Knupperte fräie Laf gelooss. E puer Palettë mat Eeër sinn eenzel an zilgerecht duerch d'Loft geflunn an hunn net nëmmen hire Wee op déi propper gebotzte Fassade vum Centre de Conférence fonnt, mee och op d'Police an den een oder anere Journalist, deen dertëschent stoung. Och eng ronn 12.000 Liter Mëllech sinn iwwert d'Plaz gesprëtzt ginn an dat bei vill Getuuts vun Trakteren an Geknupps vu Knupperten.
EU-Hëllefspak an der Kritik
„Ras-le-Bol, Angscht fir d'Zukunft, Roserei an Descouragement“, esou kann een d'Stëmmung den Ament an der europäescher Landwirtschaft, wéinst dem Präisverfall bei Fleesch a Mëllech beschreiwen. Dofir hat d'Federatioun de l'Agriculture aus der Wallonie fir eng nei Manifestatioun hei zu Lëtzebuerg opgeruff. Den Hëllefspak vu 500 Milliounen Euro, deen d'EU-Kommissioun déi lescht Woch proposéiert hat, ass vun den europäesche Bauereverbänn schaarf kritiséiert ginn, well en net wäit genuch géif goen.
Um Dënschdeg hu sech d'EU-Agrarministeren hei zu Lëtzebuerg mat den Detailer vun deem Pak befaasst an hunn en och ugeholl. Déi Virschléi ginn an déi richteg Richtung huet de Landwirtschaftsminister Fernand Etgen notéiert. An déi richteg Richtung zwar, mä d'EU-Agrarministere ware sech awer och eens fir ze soen, datt d'Moossnamen am November iwwerpréift ginn, fir wann néideg nozebesseren. Vun deem Pak vu 500 Millioune geet dee gréissten Deel vu 420 Milliounen ënner Form vun nationalen Enveloppen un d'Memberlänner. Domat kënne si hir Baueren, déi den Ament gréisser Liquiditéitsproblemer hunn, direkt ënnerstëtzen.
Fir Lëtzebuerg si 700.000 Euro an der Enveloppe . De Landwirtschaftsminister Fernand Etgen huet erklärt, datt d'Lëtzebuerger Bauere sech iwwer d'EU Hëllef eraus, méi erwaarde kéinten. Dat wieren 100.000 Euro méi wéi dat 2009 bei der Mëllechkris de Fall war. Déi national Mesuren ginn déi aner Woch erläutert. Dat ass also den Enjeu vun der Reunioun mat den nationale Bauereverbänn nächste Méindeg.
Ee weideren Aspekt vum Kommissiounspak gesäit fir, datt 70% an net wéi bis elo 50% vun de Prime, virzäiteg kënnen ausbezuelt ginn. Wat ënner anerem wichteg fir d'Baueren ass, fir hir Pacht am November elo kënnen ze bezuelen. Zwee Drëttel vun de Lëtzebuerger Betriber ass Pachtland, dat wier ee Posten an engem Betrib fir 15-20.000 Euro an der Moyenne. Déi landwirtschaftlech Verwaltunge wiere prett fir all verschidden Primmen an Indemnitéiten zur Zäit auszebezuelen. Prett fir den éischten November, esou de Fernand Etgen.
Nieft de 420 Milliounen direkt Hëllef aus dem EU-Budget fir déi europäesch Baueren, bleiwen 80 Millioune fir aner Mesuren, dorënner déi privat Lagerhaltung, wat bedeit, datt d'Bauere Sue kréien, fir eenzel Mëllechproduiten op hirem Haff ze lageren an zu engem méi spéiden Zäitpunkt ze verkafen.
Den Tonnage an Durée vun der Moossnam goufen eropgesat. Donieft gëtt de Bauere fir 30 Milliounen Euro Mëllech ofkaaft, déi als Hëllef u Flüchtlinge verdeelt gëtt. Am Kommissiounspak ginn et schliisslech nach Sue fir nei Mäert, fir déi europäesch Agrarproduiten kënnen z'erschléissen.
Et gi vill Grënn fir déi aktuell Kris an et hunn dofir och misse grad esou vill Äntwerte fonnt ginn, esou d'Konklusioun vum Fernand Etgen.
Géint 7.30 Auer hunn eng 50 Trakteren de Grenziwwergang zu Sterpenich blockéiert. Si hunn d'Automobiliste just no an no duerch fuere gelooss, an hu Flyere verdeelt, fir op hir Situatioun opmierksam ze maachen.
D'Trakteren si kuerz virun 9 Auer Richtung Kierchbierg gefuer a goufe vun enger Police-Escorte begleet. Um 9.45 Auer ass den Trakter-Konvoi op der Héicht Briddel vun der Autobunn erofgefuer, fir iwwer Stroossen, d'Arelerstrooss op de Kierchbierg ze fueren. Kuerz no 10 Auer sinn déi éischt Trakteren do ukomm.
Éischt Traktere kommen um Kierchbierg un

© Domingos Oliveira
D'Baueren dreeën domat 12'000 Liter Mëllech auszeschëdden. D'Police verhandelt aktuell nach mat de Baueren fir dat z'evitéieren. Parallel hunn d'Polizisten Waasserwerfer a Positioun bruecht.
Virum Konferenzzenter wëllen d'Bauere bis 15 Auer virum Konferenzzenter manifestéieren, fir op hir Doléancen opmierksam ze maachen. Honger musse se bis dohin net leiden. D'Fédération des jeunes agriculteurs belges spendéiert 700 Grillinger fir d'Manifestanten.

© Domingos Oliveira
Revendikatioune vun de Baueren
Police-Dispositif um Kierchbierg
Eng 50 Trakteren blockéieren de Boulevard Kennedy virum Gebai, dorënner och eng 5 Lëtzebuerger Trakteren, et sinn och eng Rëtsch Bussen aus der Belsch mat komm. Bis op Getuuts war et um Dënschdeg de Moien iwwer roueg bliwwen.
D'Police huet sech awer fir all Fäll preparéiert, esou hire Pressespriecher Daniel Back.
Och vun de belsche Kollegen gouf et Hëllef.
Et misst elo mol ofgewaart ginn, wéi d'Bauere reagéieren, wann d'Conseilssetzung vun den Agrarministere bis fäerdeg ass.
Kuerz no 14 Auer gouf et eng Reunioun vun de Spriecher vun de Baueren mat de Ministeren. Och déi Belsch Ministeren hu mat de Bauere virun der Dier geschwat.

© Domingos Oliveira / RTL
D'Bauere waren wuel net mat den Aussoen an Decisioune vun de Ministeren averstaanen. Géint hallwer 4 goufen déi 12.000 Liter Mëllech auslafe gelooss an d'Eeër sinn op d'Beamte vun der Police geflunn.
Baueremanif - Mëllech fléisst an Eeër fléien 1
Baueremanif - Mëllech fléisst an Eeër fléien 2
Baueremanif - Mëllech fléisst an Eeër fléien 3
Baueremanif - Mëllech fléisst an Eeër fléien 4
No dëser Aktioun hunn d'Bauere sech dann iwwer d'Rout Bréck op den Heemwee Richtung Belsch gemaach.

Police-Info:
17h10 - Traktorkolonne am Grenzübergang Sterpenich.
16h45 - Traktorkolonne auf Höhe der Ausfahrt Mamer auf der rechten Fahrspur. Überholspur z.Zt. für andere Verkehrsteilnehmer befahrbar. Zähfliessender Verkehr ab Croix de Gasperich in Richtung Belgien.
16h15 - Traktorkolonne befindet sich auf der A6 in Fahrtrichtung Sterpenich.
16h00 - Traktorkolonne befährt die route d'Arlon in Richtung Autobahnauffahrt Strassen.
15h45 - Kirchberg, Bauern beenden Demonstration und treten unter Polizeieskorte die Heimreise an. Abfahrt Kirchberg über Pont GD Charlotte. Mit Verkehrsbehinderung in der route d'Arlon ist zu rechnen.
10h40 - Pont GD Charlotte frei, jedoch blvd Kennedy ab rue Galileo Galilei blockiert Rtg Kirchberg. Umleitung über Blvd Konrad Adenauer. Fahrtrichtung Lux-Zentrum noch befahrbar.
- 10h35 - Pont GD Charlotte frei, jedoch blvd Kennedy ab rue Galileo Galilei blockiert Rtg Kirchberg. Fahrtrichtung Lux-Zentrum befahrbar.
- 10h20 - Z.Zt Verkehrsbehinderung auf Blvd Kennedy Höhe ECCl. Zufahrt über Pont GD Charlotte nach Kirchberg vermeiden. Fahrtrichtung Lux-Zentrum noch befahrbar.
- 10h10 - Ankunft der ca. 50 Traktoren auf Kirchberg in wenigen Minuten.
- 10h00 - Zeitweilige Behinderung im Strassenverkehr auf der route d'Arlon Rtg Kirchberg. Die ca. 50 Traktoren werden durch Polizeiesekorte begleitet.
- 09h45 - A6, Traktorkolonne via Ausfahrt Strassen abgefahren, über Strassen, route d'Arlon Rtg Kirchberg
- 09h20 - A6, Traktorkolonne unterwegs. Zeitweilige Behinderungen an den Auffahrten zur A6 Fahrtrichtung Luxemburg. Überholspur z.Zt. für andere Verkehrsteilnehmer befahrbar.
- 09h10 - A6, Grenzübergang Sterpenich. Aktion Flyer am Grenzübergang abgeschlossen. Ca 45 Traktoren setzen sich in den nächsten Minuten in Bewegung Rtg Luxemburg-Stadt. Die Fahrzeugkolonne wird durch Polizeieskorte begleitet. Mit zähflüssigem Verkehr in Fahrtrichtung Luxemburg wird gerechnet.

© Dan Hardy / RTL
Déi gréisste Lëtzebuerger Bauerenorganisatioun, huet decidéiert um Dënschdeg net mat bei der Protestaktioun dobäi ze sinn. D'Bauerenzentral wëll d'Gespréicher mam Landwirtschaftsminister Fernand Etgen nächste Méindeg ofwaarden. Och d'Lëtzebuerger Mëllechbauere si bei der Manifestatioun net mat dobäi.
Aktioun um Méindeg
Eng Visite zu Kaalber um Méindeg de Moie goung wéi gesot net wéi geplangt iwwert d'Bühn, well eng 70 Bauere mat hiren Trakteren d'Strooss bei Kaalber blockéiert haten, sou datt de Convoi mat de Ministeren net fortkoum.
PDF: Europäische Milchbauern blockieren informelles Treffen der Agrarminister
D'Bauere goufen dann och gelauschtert an haten eng spontan Entrevue mam Minister Etgen a sengen europäeschen Kollegen.
Schonn Enn August hat et jo eng Manif vu rosene Baueren an der Stad ginn – absënns d'konsequent Baisse vun de Mëllechpräisser mécht de Produzenten uerg ze schafen.
An der Stad um Kierchbierg gëtt sech, beim Konferenzzenter, iwwerdeems ewell op den Dënschdeg virbereet - et ass net ausgeschloss, datt d'Baueren och de Wee dohinner fannen ...
POLICE-INFO
Manifestation des agriculteurs prévue pour le 15.09.2015
La police informe que suite à l'annonce d'une manifestation des agriculteurs, pour demain, le 15 septembre 2015 près du centre de conférence sur la place de l'Europe à Luxembourg-Kirchberg, il faudra s'attendre à certaines perturbations du trafic pendant la durée de la manifestation. Elle est prévue entre 10.30h et 15.00h.
A partir de 07.00h jusqu'à 09.30, il faudra également s'attendre à des perturbations sur l'autoroute A6 (Bruxelles-Luxembourg), à la hauteur de Sterpenich. L'organisateur a annoncé y vouloir instaurer un point d'information.
Le cas échéants des déviations seront mises en place par la police. Les usagers de la route seront informés moyennant des messages radio.

Bauerdemonstration für den 15.09.2015 geplant
Die Polizei informiert dass für den morgigen 15ten September eine Demonstration der Bauern nahe dem europäischen Konferenzzentrum angesagt wurde und demzufolge mit Verkehrsbehinderungen für die Dauer der Demonstration zu rechnen sei.
Zwischen 07.00h bis 09.30h ist ebenfalls mit Verkehrsbehinderungen auf der Autobahn A6 (Brüssel-Luxemburg) zu rechnen. Auf der Höhe des Grenzübergangs Sterpenich plant der Veranstalter einen Informationsstandposten einzurichten.
Gegebenenfalls wir für die Dauer der Kundgebung der Verkehr durch die Polizei umgeleitet werden. Die Verkehrsteilnehmer werden mittels Radioverkehrsmeldungen informiert.