An de Kannaniuuss dës Woch: "No Kings" Protester, geklaute Bijouen zu Paräis
Eemol d'Woch kucke mir fir ee méi jonke Publik an eisem Kannativi op d’News vun der Woch zeréck an dat op kannerfrëndlech Manéier erkläert
Noriichte fir Kanner ginn et schonn zanter September 2020 all Sonnden den Owend wärend der Schoulzäit op der Tëlee, um Enn vun der Kannativi-Emissioun.
Hei kucke mer fir d’éischt op d’Protester an Amerika, déi ënnert dem Numm “No Kings” stattfonnt hunn. Do waren ëmmerhin ronn 7 Millioune Leit op der Strooss. Da gi mer bis op Paräis luussen, méi genee an de Louvre, wou de leschte Weekend Bijoue geklaut goufen, déi en immense finanziellen an och kulturelle Wäert hunn. Eng aktuell Debatt op EU-Niveau ass den Numm vu vegane Produiten, dass déi elo net méi Veggie-Schnitzel, Burger, oder Wurscht däerfen heeschen. An da kucke mer nach op e Projet, deen am Lycée Michel Rodange de Jonken Zäit gëtt fir ze liesen.
An am Reportage duerno geet et ëm d’Gletscherschmëlzen an der Schwäiz. Mir kucken dem Wëssenschaftler Matthias Huss iwwert d’Schëller. Hien ass e Gletscherfuerscher a verbréngt vill Zäit an de Bierger, fir ze moossen, wéi déck d’Äis do uewen an de Schwäizer Bierger ass. Iwwerrasche mécht et net. D’Äis schmëlzt. An dat séier. Mir kucken eis un – wat dat heescht fir d’Natur, d’Waasserversuergung – an eis Zukunft.
D'Kannaniuuss kënnt Dir um RTL Play oder sonndes um 9 an um 18 Auer am KannaTivi op der Tëlee kucken.
Wat sinn d'Kannaniuuss?
Op kannerfrëndlech Aart a Weis erkläre mir, wat zu Lëtzebuerg an an der Welt geschitt. D’Kannaniuuss sinn ëmmer opgedeelt an en Newsblock an e Reportage, bei deem mir engem Thema op de Fong ginn. Dobäi komme Kanner och selwer ëmmer erëm zu Wuert an de Kannaniuuss ginn et reegelméisseg och Reportagë vun eise jonke Kanner-Reporter. Déi aktuell Emissioun vun de Kannaniuuss fannt dir ëmmer sonndes moies um 9 Auer um RTL Play.