Mann hat sechs Ponyen, zwee Alpakaen, een Nandu an een Iesel am Transporter
En Alpaka (Symbolfoto). / © AFP/Archiv/Cris BOURONCLE
Am däitsche Brandenburg hu Polizisten een illegalen Transport mat zéng deels exoteschen Déieren, déi op enkstem Raum beieneegedruddelt waren, gestoppt.
An engem klengen Transporter op der Autobunn 10 hu si an der Nuecht op e Sonndeg bei enger Kontroll an engem Transporter sechs Ponyen, zwee Alpakaen, een Iesel an een Nandu - ee Lafvugel, deen engem Emu ganz änlech gesäit - fonnt.
Wéi d'Beamte vun Neuruppin mellen, hätten d'Déiere sech wéinst der wéineger Plaz am Transporter net zur Rou leeë kënnen. Den 61 Joer ale Chauffer, dee mam hollänneschen Transporter ënnerwee war, hätt ausserdeem och keen Drénkwaasser fir si gehat, an d'Loftzirkulatioun gouf just duerch eng gekippte Fënster assuréiert. De Mann sot de Beamte géigeniwwer, et wier ee privaten Transport.
Dokumenter fir d'Déieren hat de Mann bei der Policekontroll och keng dobäi, esou datt d'Beamten de Veterinärdéngscht alertéiert hunn. Déi hu sech dunn drëm gekëmmert, d'Déieren aartgerecht ze versuergen an ënnerzebréngen. D'Veterinäramt wäert sech och drëm këmmeren, d'Ëmstänn ze klären, zum Beispill wou d'Déieren da wierklech hierkommen.