Den neisten Eurostat-Zuelen no ass den Undeel vun de Leit an der Europäescher Unioun, déi sech selwer als aarm bezeechnen, am Joer 2024 op 17,4 % gefall.

Am Joer 2023 waren et nach 19,1 %.

Dëse sougenannte subjektiven Aarmutstaux reflektéiert, wéi d’Leit hir finanziell Situatioun selwer aschätzen, an net nëmmen objektiv Akommesgrenzen.

Lëtzebuerg zielt zu de Länner mat der niddregster subjektiver Aarmutswahrnehmung: nëmmen 8,5 % vun de Befroten hu sech als aarm bezeechent – dat ass hallef sou vill wéi den EU-Duerchschnëtt. Domat steet Lëtzebuerg nieft Däitschland (7,3 %) an Holland (7,3 %) ganz uewen.

Belsch läit mat 17,1 % knapp ënner dem EU-Duerchschnëtt, iwwerdeems Frankräich mat 20,2 % däitlech driwwer läit – bal dräimol sou héich wéi Däitschland.

RTL

© Eurostat