E Samschdeg géint 13.30 Auer gouf d'Police alarméiert, well zu Esch e Sträit tëscht zwee Noperen eskaléiert war.

Ee Mann hat hei en anere mat engem Messer um Bak blesséiert. D'Affer koum no enger kuerzer Behandlung op der Plaz an d'Spidol. De presuméierten Täter konnt vun de Policebeamte gestallt ginn.