Alkohol consomméieren an duerno Auto fueren, sollt ee bekanntlech si loossen
Op Uerder vum Parquet, huet d'Police vun e Samschdeg op e Sonndeg Alkoholkontrollen zu Hesper an an der Stad duerchgefouert.
Lass goung et zu Hesper, um CR159, dat tëscht 22.30 an 23.30 Auer. Duerno goung et weider um Boulevard du Général George S. Patton, dëst tëscht 00.30 an 01.30 Auer. Nach emol eng Stonn gouf an der Rue Auguste Laval kontrolléiert, dat vun 3 bis 4 Auer um Sonndegmoien.
Alles an allem hunn 135 Automobilisten en Otemtest musse maachen, och wa se vu baussen net den Androck gemaach hunn, wéi wa se eppes gedronk hätten. An 12 Fäll war den Alkoholtest positiv (9 Procès-verbaux an 3 Avertissements taxés). An zwee Fäll gouf de Fürerschäin nach op der Plaz agezunn.
Och soss am Land waren awer nees Automobilisten ënnerwee, déi ze vill Alkohol am Blutt haten
E Samschdeg kuerz no 17 Auer gouf e Mann an der Rue Belle-Vue zu Rolleng gemellt, well en hannert dem Steier géif schlofen, woubäi de Motor awer nach géif lafen. Eng Policepatrull konnt de Mann dann och untreffen. Nodeems se e waakreg gemaach hunn, war dësen net grad kooperativ. D'Situatioun sollt sech net verbesseren, well et konnt festgestallt ginn, dass de Mann e Fuerverbuet hat, an en hat ze vill gedronk. Op Uerder vum Parquet gouf den Auto vum Mann séchergestallt.
Owes gouf d'Police alertéiert, well op der Héicht vun enger Tankstell um Wandhaff méiglecherweis en alkoholiséierten Automobilist ënnerwee wier. De Chauffer war éischter Informatiounen no mat sengem Gefier op der Héicht vun der Tankstell an eng Mauer gerannt a gouf dobäi verwonnt. Och hei war den Alkoholtest positiv an e provisorescht Fuerverbuet gouf ausgestallt.
Tëscht Colmer-Bierg a Biissen war e Chauffer am Zickzack ënnerwee. Och hei konnt d'Police intervenéieren a Schlëmmeres verhënneren. Den Alkoholtest war positiv an de Fürerschäi gouf agezunn.
Schlecht geparkt hat en Automobilist dann um Lampertsbierg op der Héicht vun der Kräizung vum Boulevard de la Foire mam Boulevard de la Porte Neuve. Den Auto stoung nämlech um Trottoir, wouduerch en der Police opgefall ass. Och hei war ze vill Alkohol am Spill an e provisorescht Fuerverbuet war d'Konsequenz.
Géint 23.20 Auer hat et op der Areler Strooss zu Stroossen gerabbelt. En Auto an e Bus waren hei net laanschtenee komm. D'Polizisten hu beim Chauffer vum Auto däitlech Unzeeche vun Alkoholkonsum festgestallt. Dësen huet awer refuséiert en Alkoholtest ze maachen. Doropshi gouf e provisorescht Fuerverbuet ausgestallt. Spéider sollt sech erausstellen, dass de Chauffer kee valabele Fürerschäi méi huet. Op Uerder vum Parquet gouf den Auto séchergestallt an e Protokoll geschriwwen.