Police freet no Zeien, nodeems am Oktober 2024 e Mann eng Spuerbéchs geklaut hat
© Police
An engem Restaurant an der Rue Fort Neipperg op der Stater Gare huet den 8. Oktober 2024 um 20.17 Auer e Mann eng Spuerbéchs matgoe gelooss.
Dëse 26. Oktober 2025 kënnt dann elo en Zeienopruff vun der Police, an der Hoffnung, dass et eventuell Leit ginn, déi eppes iwwert de Mann wëssen.
De presuméierten Täter wier ongeféier 1m70 grouss, ass schlank, huet kuerz gro Hoer an e groe Baart. Wéi en d'Spuerbéchs matgoe gelooss huet, hat en e schwaarze Pullover un.
Wien de Mann erkennt, oder soss Informatiounen iwwert den Tëschefall huet, soll sech wgl bei der Stater Police mellen, dat via Telefon um (+352) 244 40 1000 oder via E-Mail op Police.LUXEMBOURG@police.etat.lu.