Kand an Ex-Frëndin entfouert
Lëtzebuerger Police konnt Mann zu Maartel stoppen, no Info vu belsche Kolleegen
E Samschdeg den Owend gouf d'Lëtzebuerger Police vun hire belsche Kolleegen informéiert, dass e Mann seng Ex-Frëndin a säi Kand entfouert hätt.
E wier vun der Belsch a Richtung Däitschland ënnerwee.
D'Lëtzebuerger Police konnt séier intervenéieren a konnt den Auto op der Lëtzebuerger Säit zu Maartel stoppen.
Op Uerder vum Parquet gouf de Mann verhaft an huet um Sonndeg am Nomëtteg Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.
Am meeschte gelies