An der Gemeng Käerjeng soll sech an den nächste Jore Punkto Verkéier esou munches änneren. Et wëll een den Duerchgangsverkéier reduzéieren.

De Buergermeeschter wëll de Kär vu verschiddenen Uertschaften méi liewenswäert maachen — a virun allem méi roueg.
 
Rush-Hour zu Käerjeng um 7.45 Auer. All Dag sinn et 25.000 Autoen, déi eleng duerch Nidderkäerjeng fueren. Do dobäi kommen nach e puer Dausend Autoen, déi d’Schläichweeër ronderëm Kënzeg oder duerch Féngeg huelen, fir awer nach pünktlech op d’Aarbecht ze kommen. "Dat heescht all Dag Stress. All Dag Schwieregkeeten," esou de Käerjenger Buergermeeschter Michel Wolter. "Mir hate virun de Walen ee Sujet hei zu Käerjeng, an dat war dee vum Verkéier: ze vill an ze séier."

Fir d’Verkéierssituatioun ze berouegen, setzt d’Gemeng Käerjeng op véier konkret Punkten. D’Vitess an der Entrée vun den Dierfer soll duerch méi schwéier Stroosse-Passagen ofgebremst ginn. Mam Staat soll op den Haaptstroossen eng Solutioun gesicht ginn, fir d’Vitess erofzebréngen. Op den 30er Stroossen, wou d’Gemeng responsabel ass, soll de Stroosseverlaf ugepasst ginn, datt ee muss mat 30 fueren. A mat dee wichtegste Punkt: Uertskäre schafen a gestallten – fir d’Leit ze motivéieren, automatesch méi lues ze fueren.

RTL

Zu Uewerkäerjeng, ronderëm d’Spillplaz "Um Päsch" soll an deem Kontext d’nächst Joer e "Shared-Space" mat Tempo-Limitt 20 entstoen. E Beräich, an deem d’Autoen, d’Foussgänger a Vëlosfuerer gläichberechtegt ënnerwee sinn. Aktuell fueren eng 7.000 bis 8.000 Autoen den Dag duerch de Kär vun Uewerkäerjeng. 70 bis 80 Prozent dovunner si Leit, déi net aus der Gemeng sinn. Mëttelfristeg soll - theoretesch - kee méi hei duerchfueren, deen net hei wunnt.

Fënnef bis sechs Parkplaze verschwannen am Duerfzentrum. Dofir komme méi Gréngfläch a Beem. D’Käschte fir d’Verkéiersreorganisatioun leie bei 5,4 Milliounen Euro, esou de Michel Wolter: "D’Zil ass ganz kloer d’Liewensqualitéit vun de Leit an den Dierfer ze stäerken. De Leit d’Strooss erëmginn. Eng Strooss, déi exklusiv fir den Auto gebaut ass nees esou gestallte, datt de Mënsch och nees mat der Strooss liewe kann."

RTL

Et si virun allem d’Navigatiounssystemer wéi Waze oder Google Maps, déi et de Gemengen schwéier maachen. Dës schécken den Automobilist automatesch duerch d’Niewestroossen, soubal et op den Haaptachse staut. "Mécht een also iergendwou eng Mesure, dass vläicht manner Autoe géifen dohinner fueren, da schéckt de Waze automatesch nees Autoen dohinner. Et geet also an der Verkéierungsféierung vun der Zukunft net méi drëm, fir dass manner Autoen iwwer eng Strooss fueren, mee fir datt se méi lues iwwer déi Strooss fueren, fir dass d'Liewensqualitéit vun de Leit besser gëtt."

Am Ganze sinn Investitiounen vun 12 Milliounen Euro fir d’Re-Organisatioun vum Stroossereseau an der Gemeng geplangt. E Budget, deen iwwert déi nächst Joren nach emol kéint eropgeschrauft ginn.

RTL