Lando Norris iwwerhëlt duerch de Succès d'Féierung am WM-Klassement










































Hannert dem Norris ass de Charles Leclerc den Zweete ginn. De Podium gouf vum Max Verstappen komplettéiert.
De Lando Norris (McLaren) ass de Gewënner vum Grousse Präis vu Mexico-City. Duerch säi Succès konnt hien d'Féierung am General vum Oscar Piastri iwwerhuelen, deen um Enn de 5. gouf. De Charles Leclerc (Ferrari) louch déi ganz Course iwwer op der 2. Plaz a konnt déi Plaz ganz knapp virum Max Verstappen (Red Bull) verdeedegen. Eng ganz gutt Course ass och den Oliver Bearman gefuer, deen um Enn knapp den éischte Podium fir Haas verpasst huet.
Am General läit den Norris elo ee Punkt virum Piastri.
Et war en turbulente Start an deem op den éischten 3 Plazen näischt geschitt ass, de Verstappen huet awer missen an d'Wiss fueren. Trotzdeem konnt hien de Russell iwwerhuelen an op déi 4. Plaz no vir fueren. De grousse Verléierer vum Start war de WM-Leader Piastri, deen op déi 9. Plaz zréckgefall ass.
Den Norris konnt un der Spëtzt de Virsprong séier vergréisseren. An der 6. Ronn gouf et e weideren Duell tëscht dem Hamilton, dem Verstappen an dem Russell. Den Hamilton huet dobäi d'Streck verlooss a krut doduerch eng 10-Sekonne-Strof. Et war eng deier Strof fir den Hamilton, deen doduerch op déi 14. Plaz zréckgefall. Den Norris ass virum Leclerc vir bliwwen, hannendrun konnt de Bearman op d'Plaz 3 fueren.
D'Piloten haten ënnerschiddlech Strategië fir an d'Box ze fueren. De Verstappen huet eng 1-Stopp-Strategie gewielt a louch domadder no der Hallschent vun der Course hannert dem Norris an dem Leclerc op der 3. Plaz. Hannendru si Bearman a Russell ëm déi 4. Plaz gefuer. Piastri, Antonelli an Hamilton louchen op de Plaze 6 bis 8.
An der Schlussphas vun der Course sinn d'Pneue vum Leclerc méi schlecht ginn an de Verstappen koum ëmmer méi no. Hannendrun konnt de Piastri de Russell iwwerhuelen an op déi 5. Plaz no vir fueren. An de leschten zwou Ronnen huet e virtuelle Safety Car dem Leclerc déi 2. Plaz gerett, de Verstappen koum doduerch net méi laanscht de Monegass. De Lando Norris huet vir awer eng souverän Victoire gefeiert. Hannert dem Bearman an dem Piastri sinn déi zwee Mercedes-Piloten Antonelli a Russell gefuer. De Lewis Hamilton gouf den 8..