Kennt Dir dës Persoun?
Mat geklauter Bancomatskaart goufen am Januar Suen zu Mamer opgehuewen
Wéi d'Police schreift, wier den 18. Januar 2025 géint 10.20 Auer eng gréisser Zomm Boergeld op engem Bancomat zu Mamer opgehuewe ginn.
D'Kaart déi genotzt gouf, war déi vun enger Persoun, déi Affer vun engem Trickdéifstall gouf.
Wann Dir d'Persoun op der Foto erkennt, oder soss Informatiounen zum Virfall hutt, sollt Dir Iech wgl bei der Police zu Capellen mellen, dat via Telefon um (+352) 244 30 1000 oder via E-Mail op Police.CAPELLENSTEINFORT@police.etat.lu.
Am meeschte gelies