Zu Péiteng koum et géint 14 Auer an der Nidderkuerer Strooss zu engem Accident tëscht 2 Autoen.

Ee Chauffer ass deem aneren hannendrop gerannt, deen dunn e Luuchtepotto ze pake krut. De Choc war sou hefteg, dass d'Luucht dobäi erofgefall ass.

Zwou Persoune koume fir eng Kontroll an d'Spidol, dorënner eng liicht blesséiert.

Op der Plaz woren d'Pompjeeë an d'Ambulanz vu Käerjeng a Péiteng.