No der Rave-Party Enn Juli an enger Natura-2000-Naturschutzzon am Ourdall bei Hengescht ass d'Enquête vu Police an dem Dikrecher Parquet nach amgaangen.

Dat confirméieren d'Ministere Gloden a Wilmes a betounen, datt de Sujet vun dësen net erlaabten a net annoncéierte Partye wäert déi nächst Wochen an enger Reunioun tëscht Police an dem Clierfer Schäfferot de Point gemaach ginn, wéi een an Zukunft mat esou Rassemblementer wäert ëmgoen.
 
D'Police konnt de Wierder vun de Ministeren no Enn Juli net éischter agräifen, fir d'illegal Party op ze léissen, well soss hätt ee méi muskléiert misste géint déi 500 Raver virgoen, wat awer net gewollt war. Geparkt haten d'Party-Frënn genee sou illegal zu Kaalber, Hengescht an op der Tëntesmillen, fir dunn zu Fouss op d'Rave ze goen.
 
Fir potentiell sensibel Plazen a Biotoppen am Virfeld vun esou Partyen ze kartographéieren, halen d'Ministeren net fir sënnvoll, well d'Organisateure ganz flexibel a mobil sinn.

No der Rave am Juli ware véier Camionen, eng Dose Camionnetten a 70 Palette mat Sound-Material an Zelter saiséiert ginn, déi lo an engem Police-Depot stockéiert ginn. D'parlamentaresch Froen iwwert den illegalen Teknival am Juli hat den DP-Deputéierten André Bauler gestallt.

Illegal Rave-Party zu Hengescht
RTL huet mat der Police a mam Proprietär vun der Wiss geschwat