CGDIS
Dräi Blesséierter no Accidenter e Freideg am Nomëtten

Kuerz viru 15 Auer gouf et op der A13 tëschent den Tunnellen Éilereng an Aessen en Accident mat zwee Gefierer.
Dobäi goufen zwou Persoune blesséiert. Tëschenzäitlech war eng Spuer gespaart an et hate sech eng 2 Kilometer Stau gebilt. Entretemps ass den Accident geraumt. D'Rettungsekippe vun Esch a Suessem-Déifferdeng waren am Asaz.
E weideren Accident mat engem Gefier gouf et um 15.32 Auer op der Héicht vum Gillenshaff bei Miedernach. Eng Persoun gouf hei verwonnt, d'Secouriste vu Waldbëlleg an der Fiels hate sech drëms gekëmmert.
Am meeschte gelies