De 16. September wäert et an der Chamberfinanzkommissioun ëm der CSSF hir Geneemegung fir israeelesch Staatsemprunte fir den europäesche Finanzmarché goen.

CSSF-Autorisatioun vun israeelesche Staatsemprunten / Reportage: Michèle Sinner

Dat nodeems d’CSSF dës Aufgab vun der irescher Zentralbank iwwerholl huet. Eng Decisioun, déi an der Oppositioun fir vill Froe suergt, well Israel mat deene Suen och de Krich am Gaza finanzéiert.

Genee domat mécht Israel nämlech selwer bei den Investisseure fir déi Emprunte Reklamm. De Franz Fayot vun der LSAP seet:

"En adresséiert sech haaptsächlech un déi israeelesch Diaspora am Ausland, an dësem Fall an Europa, an et geet drëm fir Suen u sech opzehiewen, fir, jo, fir de Krichseffort, fir Verbrieche géint d'Mënschlechkeet, fir Krichsverbriechen z'ënnerstëtzen."

D’Finanzéierung dovu wier nieft der Liwwerung vu Waffen en héichproblematesche Punkt. "An do spille mir elo eng zentral Roll dran. An dat ass, mengen ech, wierklech awer, souwuel fir d'Reputatioun vum Land wéi och fir d'Reputatioun vun der Finanzplaz immens problematesch", esou de Franz Fayot. An doriwwer eraus: "och fir d'Selbstverständnis vun der Lëtzebuerger Populatioun, wëlle mir wierklech esou eppes matmaachen? Wëlle mir déi sinn, déi, bon, en fait hei d'Bank vun deem Krich do ass?”

An Irland hat et justement dowéinst eng grouss ëffentlech a politesch Kontrovers ginn. Well de Prospekt - dat ass d’Informatiounsdokument fir d’Investisseuren - vun den israeeleschen Emprunte bis ewell vun der irescher Zentralbank gepréift goufen. Där hir Cheffen hu sech am Parlament misse rechtfäerdegen. D'Sam Tanson vun déi Gréng seet dofir: "et géif mech schonn interesséieren, och politesch ass dat doten eng Kéier debattéiert ginn, war do en Echange och mam Finanzminister, mam Ausseminister, fir och d'Envergure vun där Decisioun do ze kucken, net just déi reng technesch, ass dat do elo konform zu de respektiven Direktiven, mee och doriwwer eraus, wat fir ee Signal sende mer mat där doten, mat där doten Unerkennung."

Spoiler Alert: bei Nofroe verweist den Ausseministère op de Finanzministère, dee verweist op d'CSSF an déi op hir Onofhängegkeet. Op d'Fro, wat fir eng Moyenen d'CSSF gehat hätt, fir den Dossier net ze traitéieren, respektiv, fir d’Zouloossung ze refuséieren, äntwert d’Finanzopsiicht: "Kee Commentaire".

Den David Wagner vun déi Lénk rappelléiert:
 
"Dat ass, datt e Vëlkermord am Gaza amgaangen ass ze geschéien. An eng probabel Annexioun och vun der Westbank elo. Dat ass alles awer offen deklaréiert. Et kuckt een no. Jidderee kuckt no. Et gëtt reegelméisseg gesot, dat doten dat geet net. Dat geet e bëssen ze vill wäit. An duerno komme keng Sanktiounen, op keng Aart a Weis." 

Sanktiounen, europäescher oder nationaler, déi mat europäesche Sanktioune konform sinn, respektiv, falsch Informatiounen am Prospekt, dat waren déi dräi Punkten, déi d’iresch Zentralbank an hirem Hearing fir e méigleche Refus genannt hat. Am Kader vun der rezenter Petitiounsdebatt an der Chamber war gesot ginn, e kéint ee keng Sanktioune géint Israel huelen ouni sech e Reegelwierk ze ginn. Dofir freet d’Sam Tanson: “Wou si mer elo do drun? Wann een esou ee Reegelwierk hätt, fir kënnen national Sanktiounen ze huelen, wier dann d'Decisioun vun der CSV net vill méi einfach eng negativ gewiescht wéi dat, wat elo dann argumentéiert gëtt, wou sech am Fong awer hanner Formalisme bis elo verstoppt ginn."

D’CSSF erkläert, si géif geméiss der Reglementatioun just préiwen, ob d’Informatiounen am Katalog "komplett, koherent a verständlech" wieren.

Och dowéinst waren et an Irland Diskussioune ginn. Am Prospekt, deen d'Iren d’lescht Joer approuvéiert haten, hat Israel net iwwer juristesch Prozedure virum internationale Geriichtshaff zu Den Haag informéiert. Do huet Südafrika Israel jo wéinst Genozid verklot. An den internationale Geriichtshaff huet provisoresch Mesuren decidéiert; et soll ee sech net Complice maache. Ass d'Informatioun un d'Investisseure komplett, wann den Hiweis heirop feelt? Wësse si dann, datt se méiglecherweis rechts- a vëlkerrechtswiddreg Aktivitéite finanzéieren hëllefen?

Lëtzebuerg ass Member vum Geriichtshaff an huet d’Konventioun zu Preventioun a Bestrofung vu Vëlkermord ënnerschriwwen. De Franz Fayot freet dowéinst, wéi et mat der Hierarchie des normes ass. "Mir wëssen, dass mer eng ganz Rei Traitéen a Konventiounen iwwert humanitäert Recht mat ënnerschriwwen hunn. An do muss ee sech froen, ob dat dote konform ass mat deenen Normen a Reglementer. An do gëtt et eng ganz Rei Aspekter, déi ee muss uschwätzen. Wou kommen d'Suen hier, fir déi Emprunten do zréckzebezuelen? Kommen déi zum Deel aus illegale Kolonië vun Israel? Wéi sécher ass et, dass déi zréckbezuelt ginn? Ech mengen dat sinn och alles Aspekter, wou et schonn e bësse méi an dat Technescht geet, mee déi awer fundamental sinn.”

Op dësem Punkt huet Israel zum Deel nogebessert. Déi nei Dokumentatioun, déi vun der CSSF approuvéiert gouf, erwäänt Prozedure virum internationale Geriichtshaff elo explizitt. Ma wéi d’Sue verwent ginn, doriwwer steet nach ëmmer näischt dran: Just datt d’Sue fir déi generell Finanzéierungsbesoine vun Israel gebraucht ginn. Den David Wagner ass dofir der Meenung: "Dat heescht, et ass net kloer, et ass keng Transparenz do. Dat ass jo en Argument méi, fir ze soen, mir kënnen déi Obligatioune guer net akzeptéieren. Mee ech mengen, et geet doriwwer eraus, muss een elo awer esou en Drock ausüben op déi israeelesch Regierung, datt si ganz einfach ophält, Mënsche wallos ëmzebréngen. Um Enn geet et jo awer och e bëssen dorëms."

D’Initiativ, fir d’Geneemegung vum israeelesche Prospekt, dee jeeweils e Joer gülteg ass, vun Dublin op Lëtzebuerg ze delegéieren, koum vun Israel. D'Iiresch Zentralbank ass also no den intensive politesche Kontroversen dolaanscht komm, fir nach emol iwwert e Prospekt ze decidéieren. Trotz dem "Outsourcing" vun der kriddeleger Autorisatioun un d’CSSF bleift Irland awer "Home State" fir d’israeelesch Emprunten op den europäesche Finanzmarchéen.

"Si hunn elo déi waarm Gromper u Lëtzebuerg eriwwer gehäit, déi dat opgefaangen hunn", seet de Franz Fayot. Mee Drock op Israel géif een och mat der Unerkennung vu Palästina als eegestännege Staat maachen. Dëse Mount fueren de Premier Luc Frieden an den Ausseminister Xavier Bettel op d'UNO-Generalversammlung. Spéitstens do wollte si Faarf bekennen, ob se Palästina unerkennen oder net. D'iwwernächst Woch, de 15. September, si si dowéinst och an der aussepolitescher Kommissioun vun der Chamber.