UEL
Fir d'Patronat ass den Debat net ofgeschloss, ma et misst een no vir kucken

An den Ae vun der der UEL ass den Debat net ofgeschloss, mä sollt an engem rouege Klima weider goen.
Elo misst no vir gekuckt ginn. Dat schreift d'Unioun vun den Entreprisen an engem Communiqué.
Aus de Sozialronne géing ee mat gemëschte Gefiller rausgoen. Et géingen Divergenze ginn an d'Regierung hätt legitim Conclusioune gezunn.
Bei Aarbechtszäiten a Sonndesaarbecht wiere weder d'Fuerderunge vum Patronat nach déi vum Salariat erfëllt, mä op d'mannst hätt ee Previsibilitéit a juristesch Sécherheet.
Bei de Pensioune hätt d'Patronat fir eng méi ambitiéis Reform plädéiert.
Am meeschte gelies